Interview Weltraumsecteur: USA a Lëtzebuerg wëlle méi enk zesummeschaffen

D'Luxembourg Space Agency huet den Dënschdeg zu Washington en Accord mat der NASA ënnerschriwwen (Säit 1, Säit 2). Déi zwou Agencë soen, si wëllen am Weltraumsecteur méi enk zesummeschaffen.

Philip Crowther / cz

Etienne Schneider Marc Serres Accord NASA
v.l.n.r. Etienne Schneider, Marc Serres, Jim Bridenstin, Randolph Evans (Foto : CC BY-NC-ND 2.0)

D'NASA seet, datt Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg hire Standuert hunn, den USA kennen hëllefen, eng permanent Basis um Mound ze schafen a fir vun do Richtung Mars ze reesen. Méi konkret Detailer stoungen am Accord keng. Eise Korrespondent Philip Crowther huet zu Washington mam Vize-Premier Etienne Schneider geschwat an huet hie gefrot, wat Lëtzebuerg vun esou engem Accord mat der NASA iwwerhaapt huet.


Den Interview vum Philip Crowther mam Etienne Schneider:

Lauschteren

Méi zum Thema

Patrick Nickels
Planetary Resources

D'SNCI ass mat hirem Investissement an d'Firma Planetary Resources bewosst méi en héije Risiko agaange wéi soss. Dat seet de President vun der Bank Patrick Nickels. Dëse Verloscht wier awer eng Ausnahm.

Weltraum
Weltraumressourcen

D'Chamber zitt ee mitigéierte Bilan iwwer d'Initiativ "Space Mining". D'CSV vermësst Konkretes. Déi Lénk kritiséieren de kapitalisteschen Hannergedanke vum Projet. De Wirtschaftsminister gesäit grousst Potential.

Asteroid zharphoto
Weltraumtechnologien

Déi amerikanesch Entreprise Bradford Space huet Deep Space Industries, an domat och déi Lëtzebuerger Filial iwwerholl. D'Ënnerstëtzung vun der Regierung a staatlech Hëllefe maache Lëtzebuerg fir Bradford Space attraktiv.

Space
Weltraumressourcen

Deep Space Industries hält um Standuert Lëtzebuerg fest - och nom Verkaf un en neien Aktionär. Dat sot eis de Wirtschaftsminister Etienne Schneider op Nofro hin. Nach dëse Mount sollen Detailer diskutéiert ginn.

Marc Serres
Luxembourg Space Agency

De Lëtzebuerger Staat hat 12 Milliounen a Planetary Resources investéiert. Mam Echec vun där Initiativ goung déi Zomm verluer. Dat wier awer kee Réckschlag fir de Secteur, seet de Marc Serres.

Michel Delage Kommentar
Lobbyismus

De Magasinn Politico ernimmt de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an engem Klassement vun europäesche Perséinlechkeeten. De Space-Business ënnerstëtzt hei een Hoffnungsdréier, mengt de Michel Delage.

Groundstation
Weltraumindustrie

Lëtzebuerg ass e Pionéier, wat Weltraum-Investissementer ugeet, seet de Journalist Peter de Selding. Lëtzebuerg wier bereet, Risiken anzegoen. Doduerch géif d'Land an Europa un éischter Plaz stoen.

Houston, Tx/usa - Circa July 2013: Astronauts In Space Suits In Lyndon B. Johnson Space Center, Hous
Spaceresources

Déi international Promotioun vu spaceresources.lu ass e Succès. D'Ekonomie vun de Weltall-Ressourcë muss sech nach entwéckelen.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen