Radioen

On air

Tockcity  |  Lee "Scratch" Perry & Greentea Peng - 100lbs Of Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëlle mer d'Aarmut zu Lëtzebuerg wierklech bekämpfen?

Fräie Mikro

Wëlle mer d'Aarmut zu Lëtzebuerg wierklech bekämpfen?

Et gëtt ëmmer erëm iwwer d'Hausse vum Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg debattéiert. Mee wou sinn déi strukturell Moossnamen, déi dëse Problem bei der Wuerzel upaken? Déi Fro stellt sech d'ASTI-Presidentin Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Laura Zuccoli ass d'Presidentin vun der ASTI

D'Lescht Woch gouf an der Chamber iwwer den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg debattéiert. Dobäi ware si sech all eens, datt dat an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg inakzeptabel ass.

18,3 Prozent vun den Awunner zu Lëtzebuerg liewen am Aarmutsrisiko. 32 Prozent si Portugisen a 46 Prozent monoparental Stéit.

Enn Mäerz 2015 louch d'Moyenne vum Stonneloun zu Lëtzebuerg bei 25,7 Euro. D'Kapverdianer hunn am Duerchschnëtt 13,07 Euro d'Stonn verdéngt, d'Portugise 15,27 Euro an d'Lëtzebuerger 28,81 Euro d'Stonn, also méi wéi dat Duebelt wéi d'Kapverdianer. Mer si also bei Wäitem net gläich virun der Aarmut, och wa mer schaffen.

Verschidde Mesurë goufen erwäänt: d'Indexatioun vum Kannergeld, d'Erhéijung vum Revis, d'Aféiere vun engem Grondakommes, gratis Verdeele vun de Schoulbicher - och un déi Schüler, deenen hir Famille sech dës Bicher leeschte kënnen, gratis ëffentlechen Transport, Chèque service asw.

Éischte grousse Chantier: Logement a Wunnengsbau

Vill Geldmossnamen awer rose wéineg strukturell a politesch nohalteg Interventiounen?

Dobäi stiechen zwee Theemen am Kampf géint d'Aarmut besonnesch eraus: d'Wunnengsproblematik an d'Chancëgläichheet an eiser Schoul.

Am Logement sinn d'Problemer zanter Jore bekannt. Fir Leit, déi kee gutt gefëllte Portmonnie hunn, sinn erschwénglech Wunnengen en zentrale Problem. D'Aarmut spigelt sech kloer an de Wunnengsbedéngungen erëm: sou lieft zu Lëtzebuerg eng Persoun an der Moyenne op 64 Quadratmeter - de Lëtzebuerger op 73 Quadratmeter, de Kapverdianer nëmmen op 32 Quadratmeter .

89,1 Prozent vun de bebaubaren Terraine sinn a privater an nëmmen 10,9 Prozent an ëffentlecher Hand - do brauche mer vill politesche Courage, fir datt op dësen Terraine bezuelbare Wunnengsraum geschaf gëtt. D'Gemenge kréie 75 Prozent vun de Käschte fir soziale Wunnengsbau vum Staat erëm. Nëmme 56 Gemengen hunn tëschent 2011 an 2016 dës Mesure ugefrot! Firwat investéieren d'Gemengen esou wéineg an esou Wunnengen? Et gëtt een d'Gefill net lass, datt et drëms geet, déi sozial Aarm an d'Grenzregioun ze verdreiwen - e Phenomeen, dee schonn amgaang ass.

Zweete grousse Chantier: Ongläichheeten an der Schoul

Chancëgläichheet an eiser Schoul ass e Schlëssel aus der Aarmut. E gudden Diplom dréit dozou bäi, datt Famillen net vu Generatioun zu Generatioun an der Aarmut weiderliewen. Et stellt een awer fest, datt de Kanner aus sozial benodeelegte Famillen am Primär wéineg ënner d'Äerm gegraff gëtt - an dat zanter méi wéi 50 Joer! De Bildungsbericht vun 2018 an elo viru Kuerzem d'Pisastudie weisen op dramatesch Aart a Weis, wéi wéineg Kanner aus aarme Verhältnesser an eise Schoulen eng reell Chance hunn. Do geet et net duer, d'Offer vun eise Schoulen ze diversifizéieren, dëse Kanner muss eng individuell Ënnerstëtzung ugebuede ginn.

Stéchwuert Hausaufgabenhëllef! Do ass Handlungsbedarf, well wann eis Primärschoul weiderhin Hausaufgabe verlaangt, da muss de Staat fir déi Kanner, déi doheem keen hunn, Hëllefsstellungen ubidden. D'Maison relaisen däerfe bis ewell awer nëmmen eng Surveillance unzebidden a keng Hausaufgabenhëllef. Gi mer esou Richtung gläich Bildungschancen?

Vill Schüler aus sozial schwaache Famille ginn an d'Ausland an d'Schoul, fir en Diplom ze ergatteren, mee si hu kee Recht op e Subside, well si jo net zu Lëtzebuerg an d'Schoul ginn!

Firwat loosse mer sozial schwaach Kanner bewosst a systematesch lénks leien?

Bei der Wunnengsnout an der Chancëgläichheet an der Schoul erkennen ech jiddefalls kee Wëllen zur Aarmutsbekämpfung!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.