Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider net kloer, ob Familljegrënnung e Grondrecht soll ginn

Verfassunsrevisioun

Weider net kloer, ob Familljegrënnung e Grondrecht soll ginn

Déi véier Co-Rapportere fir déi geplangte Verfassungsrevisioun wäerte sech an den nächsten Deeg iwwerleeën, ob dat "neit Recht" eng Famill ze grënnen - wéi geplangt - als e Grondrecht an d'Verfassung stoe kënnt, oder awer als e Staatszil. Dat huet d'DP-Politikerin Simone Beissel haut am 100,7-Interview ugekënnegt. Et géif dorëm goen, ob ee wéilt "massiv innovéieren" oder net.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

De Staatsrot hat e Freideg an engem Zousaz-Avis een Appell zur Virsiicht gemaach, bei der Absicht fir d'Consecratioun vun engem "droit subjectiv justiciable" fir eng Famill ze grënnen: ee Recht, dat op europäeschem Plang aktuell nach net unerkannt wier, an deem säin Ëmfang net kloer definéiert wier.

Dowéinst proposéiert de Staatsrot a sengem Zousaz-Avis dëst "Recht" fir eng Famill ze grënnen, am Kapitel II vun der Verfassung bei d'Staatsziler ze setzen, also bei d'Rechter, déi net viru Geriicht aklobar sinn. Explikatioune vun der Co-Rapportrice an DP-Deputéierter Simone Beissel.

Um Ufank misst kloer definéiert sinn, wat eng Famill ass. "Dir wësst, datt de Conseil de l'Europe d'Notioun vun der Famill terribel ausgedeent huet: dat ass net nëmmen nach e Mann an eng Fra, wat kann eng Famill sinn." Dofir misst een elo klären ob domno all Eenzelnen eng Famill kéint grënnen, mat Probleemer vum Adoptioune beispillsweis, sou d'Simone Beissel.

"An de Staatsrot huet elo gesot, mir sinn dee Moment dat éischt Land, well et steet a kengem Text mat deem do Libellé "droit de fonder une famille."

Nom Zousaz-Avis vum Staatsrot misst een elo decidéiere wat ee mécht. Dëst wier e "Knackpunkt", well d'Pläng dem Staatsrot "e bësse revolutionär" géife schéngen, sou d'DP-Deputéiert.

D'Simone Beissel plädéiert fir d'Familljegrënnung als Grondrecht

D'Simone Beissel seet, si hätt déi dräi aner Co-RapporterenMars Di Bartolomeo, Charles Margue a Léon Gloden scho kontaktéiert, fir elo zesummen z'iwwerleeën.

"Entweder traue mer eis a mir loossen déi zwou Saachen, d.h. de Respekt de la vie familiale an den Droit de fonder une famille zesummen am Artikel 11: dann innovéiere mer massiv. Oder awer mir trennen, a mir huelen den Droit de fonder une famille erëm eng Kéier zréck an d'Staatsziler, wou et dann een Zil ass, eng Iddi, wou et awer villäicht nach misst legislativ encadréiert ginn."

Dës Iwwerleeunge misst een an den nächsten Deeg féieren. Si selwer hätt e "ganz progressive Geescht", ënnersträicht d'Simone Beissel: si ass deemno fir dat "massiivt Innovéieren".

Zur ADR-Kritik, datt bei de Pläng fir d'Verfassungsrevisioun d'Rechter vun der Famill géintiwwer dem Staat däitlech géife geschwächt ginn, seet d'Simone Beissel, datt d'Oppositiounspartei bewosst Saache géif vermëschen.