Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Informatiounen iwwer de Comité d'initiative

Fir e Referendum iwwer d'Verfassungsreform

Weider Informatiounen iwwer de Comité d'initiative

Vum iwwernächste Freideg (19. November) un a bis den 20. Dezember mat ass et méiglech op d'Gemengen ënnerschreiwen ze goe fir d'Demande fir d'Organiséiere vun engem Referendum iwwert d'Justiz-Kapitel vun der Verfassung z'ënnerstëtzen. Dat huet de Premier Xavier Bettel haut offiziell matgedeelt, a senger Kommunicatioun, déi an der Presse an am Journal Officiel verëffentlech gouf. Fir datt et an dësem Zenario zu engem Referendum kënnt, sinn op d'mannst 25.000 valabel Wieler-Ënnerschrëften néideg.

auto_stories

1 min

Zum Comité d'Initiative mat am ganzen aacht Memberen, dee beim Premier d'Organiséiere vun engem Referendum ugefrot hat, gehéiert de Gérard Koneczny, deen déi ëffentlech Petitioun lancéiert hat, mat der Demande no engem Referendum iwwert d'Verfassungsreform. Dës Petitioun, déi nach bis e Méindeg leeft, hate bis de Moie ronn 17.400 Leit ënnerschriwwen.

Wann dës Petitioun am Ganze 25.000 Ënnerschrëfte kritt, da wëllt d'CSV e Referendum "un d'Rulle bréngen", wéi de Parteipresident Claude Wiseler daz ugekënnegt hat, beim éischte Vott iwwert dat reforméiert Justizkapitel vun der Verfassung an der Chamber. D'Demande fir d'Organiséiere vum Referendum misst da vu méi wéi 15 Deputéierte gemaach ginn.