Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Staves - I Don't Say It But I Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gaston Reinesch: "Zënse wäerten an den nächste Méint weider eropgesat ginn"

Europäesch Leetzëns

Gaston Reinesch: "Zënse wäerten an den nächste Méint weider eropgesat ginn"

D'Zënse wäerte weider klammen, an dat nach eng Zäit laang. Dat war de Message gëschter vun der Europäescher Zentralbank. Fir d'Inflatioun ze bremsen, huet d'EZB eng weider Hausse vun de Leetzënsen decidéiert. De Gaston Reinesch, President vun der Lëtzebuerger Zentralbank, erkläert, wat een domat erreeche wëll, a wéi eng Konsequenzen dës Hausse wäert hunn.

auto_stories

3 min

Wéi erwaart, huet d'Europäesch Zentralbank gëschter hir dräi Leetzënsen nach emol eropgesat, fir déi véierte Kéier hannereneen. Dës Kéier war et eng Hausse vu 0,5 Prozentpunkten, also manner wéi déi zwou lescht Kéieren, wou d'Leetzënsen ëm 0,75 Punkte gehéicht goufen.

Doduerch wäerten der Reegel no och aner Zënsen, wéi déi op den Immobilie-Prêten, weider klammen, esou de Gaston Reinesch. Och wann et schwéier wier fir virauszesoen, a wéi enger Mesure dëst géif geschéien, seet de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank, datt sech dës Hausse warscheinlech wäert a méi héich mëttel- a laangfristeg Zënsen transferéieren.

Weider Haussen erwaart fir Präisstabilitéit ze erreechen

De Gaston Reinesch huet och betount, datt iwwer déi nächst Méint d'Leetzënsen nach wäerte reegelméisseg eropgesat ginn. Dat, fir d'Präisstabilitéits-Zil vun zwee Prozent mëttelfristeg ze erreechen an ze halen. Vun dësem zwee Prozent Inflatiouns-Zil an der Eurozon ass een den Ament wäit ewech: Am November louch den Duerchschnëtt bei zéng Prozent.

Der EZB hir Inflatiouns-Previsioune fir déi nächst dräi Joer si weider héich: 6,3 Prozent fir d'nächst Joer, 3,4 Prozent fir 2024, an 2,3 Prozent fir 2025.

Wat dobäi Suerge mécht, erkläert de Gaston Reinesch, wier déi sougenannte Kärinflatioun: dat ass d'Inflatioun ouni d'Energiepräisser an ouni d'Liewensmëttelpräisser. Mat projezéierten Tauxe vun 3,9 Prozent dëst Joer, a 4,2 Prozent d'nächst Joer, wier d'Kärinflatioun ganz héich:

"Do muss een evitéieren, datt mir e Präis-Schub kréien, dee net méi gebremst ka ginn; eng Präisspiral, déi duerch all d'Bienen a Servicer geet, déi de Konsument herno wäert kafen."

EZB huet och geldpolitesch Mesuren decidéiert

Nieft der Leetzënshausse, huet d'EZB als geldpolitesch Mesure géint d'Inflatioun och decidéiert, ee vun hiren Opkafprogrammer vu Wäertpabeieren - virun allem Staatsscholden - weider ze reduzéieren. Vum Mäerz d'nächst Joer un, ginn Titren, déi auslafen, net méi zu 100 Prozent ersat. De Gaston Reinesch erkläert, datt do just nach fir 15 Milliarden re-investéiert gëtt, an de Stock an deem Programm iwwer Zäit wäert erofgoen.

D'EZB huet gëschter och hir ekonomesch Wuesstems-Previsioune fir d'Eurozon no ënne revidéiert: Dëst Joer nach 3,4 Prozent, mee d'nächst Joer nëmmen 0,5 Prozent. Alles dat, an engem Kontext vu groussen Onsécherheeten, esou de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank. De Verlaf vun den Aggressiounen an der Ukrain an d'Entwécklung vun der chineesescher Ekonomie wieren hei grouss Facteuren:

"Mir ware jo nach ni an enger Situatioun, wou et e Cumul vun esou ville geopoliteschen, ekonomeschen, politeschen Onsécherheete gouf, déi sech natierlech all an der Ekonomie kënnen erëmspigelen."