Lëtzebuerger Drogepolitik Wéi steet et ëm d'Legaliséierung vum net-medezinesche Cannabis?

D'Legaliséierung vum net-medezinesche Cannabis ass ee vu villen Dossieren, déi duerch d'Corona-Pandemie Retard kruten. Dat provisorescht Konzept, dat als Basis fir dëst Gesetz soll déngen, louch dem radio 100,7 schonn am Februar vir. Ma zanterhier schleeft den Dossier. Zil vun der Legaliséierung vum net-medezinesche Cannabis ass et, d'Risike fir d'Konsumenten duerch kloer Reegelen ze minimiséieren.

Paule Rodesch / tt

Eng Cannabisplanz
Foto: Bigstock

Am provisoresche Cannabis-Konzept ass virgesinn, datt eng Persoun pro Mount dierft maximal 30 Gramm Cannabis kafen, si misst 18 Joer al an zanter wéinstens 6 Méint hei am Land ugemellt sinn. Op ëffentleche Plaze wier de Konsum verbueden, an all Cannabisproduite sollten exklusiv hei am Land produzéiert ginn, de privaten Ubau wier net erlaabt.

Keng Eenegung iwwer maximalen THC-Taux

Fir Kritik hat an deem Kontext gesuergt, datt kee maximalen THC-Taux fir Cannabisbléien am Konzept zeréckbehale gouf. Et wier schwiereg, fir op deem Punkt eng Eenegung ze fannen, mengt dozou d'Justizministesch Sam Tanson.

"Ee vun den Argumenter fir dat net vir ze gesinn, ass deen, datt deemno wat ee vu Limitatiounen dra setzt, datt et dann net ganz attraktiv ass, zumools fir ganz intensiv Konsumenten, fir op deen offiziell verkaafte Cannabis zeréck ze gräifen, an datt een dann awer de Schwaarzmaart nach ëmmer géif fuerderen an ënnerstëtzen."

Onkloer war am provisoresche Konzept dann, wéi d'Reglementatioun vum net-medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg mat internationale Gesetzgebungen an Aklang ze bréngen ass, déi den Ëmgang mat psychotrope Substanzen an Droge reegelen. Ënner anerem kéint ee sech do um hollännesche Modell orientéieren, sou d'Justizministerin.

Do leeft den Ament e Pilotprojet "wou ebe verschidde Gemengen, déi sech konnte fräiwëlleg mellen, och déi ganz Produktiounskette vum Cannabis maachen, bis bei d'Vente. An et war de Gedanken ze kucken, wéi reagéiert lo d'EU-Kommissioun op dat wat do geschitt. Menge leschten Informatiounen no ass do bis elo net intervenéiert ginn."

Kee Cannabis-Tourismus zu Lëtzebuerg

Soubal déi sanitär Situatioun et géif zouloossen, wéilt ee sech mat den hollänneschen Autoritéiten iwwer hir Erfarungswäerter austauschen, esou nach d'Sam Tanson. Weider wier et och wichteg Sanktioune fest ze halen, fir de Fall wou Cannabisproduiten un Net-Residente géife verkaf ginn. Et misst ee kloer weisen, datt de Grand-Duché keen Tourismus an deem Beräich wéilt bedreiwen.

Wéini genee e Gesetzestext iwwer d'Legaliséierung vum net-medezinesche Cannabis kéint virleien, dorop wollt sech d'Justizministerin fir den Ament nach net festleeën.

Méi zum Thema

Julie-Suzanne Bausch
National Ethikkommissioun

Déi national Ethikkommissioun bedauert, datt si net beoptraagt gouf, en Avis iwwer d'Legaliséierung vum Cannabis auszeschaffen. Da sot d'Presidentin vun deem Gremium, d'Julie-Suzanne Bausch.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen