Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi laang packe mir dat nach?"

Indepentanten an der Kris

"Wéi laang packe mir dat nach?"

Och no der Annonce d'lescht Woch vun éischten Entschäerfungsmoossname vum Confinement bleiwen eng ganz Partie Betriber weider zou. Wat bedeit dat fir si? A wéi si si bis elo duerch d'Kris komm? Éier déi nei Aidë fir Indépendanten e Freideg annoncéiert goufen, hat d'Françoise Keller mat dräi Bedreiwer vu klenge Betriber geschwat.

auto_stories

4 min

"Mir froen eis alt erëm virun 'wéini soll dat opgoen?' an alt erëm froe mir eis 'wéi laang packe mir dat nach?' an alt erëm eng Kéier dat Finanziellt. A wat een och muss soen, et si ganz vill Leit, déi nervös ginn, déi eis ëmmer méi schreiwen a froen 'firwat maacht dir net op ? Wëllt dir net opmaachen?' Si mengen also wierklech, et wieren och nach mir, déi net wéilten. Also näischt léiwer wéi dat. Mir géifen och léiwer opmaachen an net doheem sëtzen. Mee mir mussen eben all nach confinéiert sinn. Mee fir eis ass et ëmmer nach déi Ongewëssheet. Et gëtt een awer nervös."

Dat seet d'Stefania De Felice, si huet ee Coiffeurssalon zu Lamadelaine. Nieft hir schaffen nach dräi Mataarbechter am Betrib. Ee vun hinne war scho virun der Kris am Krankeschäin, fir een aneren hätt si de Congé pour raisons familiales ugefrot an accordéiert kritt. Och déi net-remboursabel a steierfräi finanziell staatlech Hëllef vu 5.000 Euro fir kleng Betriber hätt si accordéiert an iwwerwise kritt.

Verschidden Independante waarden nach op finanziell Ënnerstëtzung

Als Hëllefsleeschtung fir den Ausfall vun engem hallwe Mount ze kompenséieren, wieren déi Suen, déi si bis ewell kritt huet, och akzeptabel, esou d'Coiffeuse. Se géifen awer natierlech net all d'Käschten decken, a si hätt hir Prête gestoppt. Loyer misst si allerdéngs kee bezuelen. Mee net bei jidderengem ass déi ugefroten Hëllef bis ewell ukomm. D'Nathalie Rosso huet ee Kleedergeschäft zu Nidderkäerjeng. Si hätt déi 5.000 Euro direkt no der Annonce ugefrot, mee ausser engem Accusé de réception bis elo nach keng Äntwert an och keng Sue kritt.

De Ioannis Stefanopoulos ass de Bedreiwer vun engem Café um Aldringen an der Stad. Och hien huet eng finanziell Hëllef vum Staat ugefrot, ass ass dobäi awer op Schwieregkeete gestouss.

"Well mir hu se fortgeschéckt, mee mir kruten e Mail zeréck, op déi een net äntwere kann. Et kann een net uruffen. An an der Äntwert steet, datt eppes am Dossier feelt. Mir hunn ëmmer erëm probéiert unzeruffen, an du krute mir ee Kontakt. An um Schluss war den Dossier an der Rei, obwuel mir de Message kruten, datt en net an der Rei wier."

Well een net wéisst, wéini d'Commercen erëm dierften opgoen, géif och hie sech Froe stellen, ob säi Café nach e puer Méint kéint iwwerliewen. Wann de Staat net méi hëllefe géif, wéisst si net, ob si finanziell iwwerliewe kéint, sot d'Nathalie Rosso eis viru ronn engem Mount. Zu der Ongewëssheet, wéini si hire Buttek erëm kéint opmaachen, seet si elo

"'t ass net um Corona, wou mir wäerte futtigoen, mee wierklech un de Regierungsmoossnamen".

Si beschreift hir finanziell Situatioun als "katastrophal".

"Ech konnt mir leschte Mount keng Pai ausbezuelen. A wann dat weider esou schleeft, dëse Mount warscheinlech och net. Woubäi ech se sws net kann huelen, well ech mäi Loyer weider bezuele muss."

Keng Réckmeldung vum Proprietär

De President vun der Unioun vun de Proprietäre sot viru bësse méi wéi enger Woch op Nofro hin, datt hien dovu géif ausgoen, datt kleng Commerçante sech mat hirem Proprietär iwwer eng eventuell Flexibilitéit beim Loyer wärend der Kris géifen eens ginn. Mee och nodeems si hire Proprietär dräi Mol dowéinst kontaktéiert hätt, hätt si keng Äntwert kritt, esou d'Nathalie Rosso. Si géif also hire Loyer weider bezuelen a probéiere mam Verkaf vu Kleeder iwwer Facebook eppes an d'Keess ze kréien. Si schafft och un engem Online-Site vun hirem Geschäft. Béides géif awer a kenger Relatioun mat deem stoen, wat si normalerweis verkafe géif.

Ob si virun der Faillite géif stoen, kann si net beäntweren.

"Ech mengen ech maachen alles, ech kämpfen, soulaang wéi et geet, fir datt et net esou wäit kënnt."

Fuerderung no weidere staatlechen Hëllefen

De Ioannis Stefanopoulos mengt net, datt hie Faillite misst deklaréieren. Wat de Loyer betrëfft wier hie sech mat senger Proprietärin eens gi fir dëse Mount just d'Chargen, mee net de Loyer ze bezuelen. Ob dat och fir déi nächst Méint géif gëllen, wéisst hien net, hie wier awer iwwer Telefon mat hir a Kontakt.

Mee generell hätt ee senger Meenung no den Ament keen Interêt fir Independant ze sinn. All Mënsch géif an der Kris verléieren, mee d'Independante méi wéi déi aner, esou seng Ausso. Wann d'Commercë bis an de Juni era missten zoubleiwen, misst de Staat der Stefania De Felice no jiddefalls nach eng Kéier eng finanziell Hëllef fir Betriber ukënnegen.

Dat dierft dann och de Fall sinn: D'Regierung huet nämlech nei net-remboursabel finanziell Hëllefe fir Betriber decidéiert, esou de Premier Xavier Bettel virum Weekend a senger Ried an der Chamber. Betriber bis néng Salariéeë kéinten deemno erëm eng Aide vu 5.000 Euro ufroen.