Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Il Re Del Mondo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi grouss ass d'Impfbereetschaft beim Spidolspersonal?

Gesondheet

Wéi grouss ass d'Impfbereetschaft beim Spidolspersonal?

Zanter gëschter gëtt d'Personal vun de Spideeler géint de Coronavirus geimpft. An och do ginn et Leit, déi retizent sinn, an déi sech Froe stellen. Wéi grouss ass d'Impfbereetschaft vum Spidolspersonal? D'Isabel Scott huet zu Esch am Centre Hospitalier Emile Mayrisch nogefrot.

auto_stories

2 min

Ëm déi 50 Mataarbechter ware gëschter ageschriwwe fir am Escher CHEM eng éischt Dosis vum Pfizer-BionTech Impfstoff ze kréien. D'Catherine Rassel huet sech ëm déi ganz Organisatioun gekëmmert. Si huet e Wandel festgestallt. Um Ufank wiere verschidde Leit retizent gewiescht, bei der Liwwerung vum Vaccin hätt dat awer geännert.

Och den Dokter Serge Meyer war gespaant fir ze gesinn, wéi grouss d'Bereetschaft ass fir sech ze impfen. Et géifen ëmmer Leit ginn, déi méi retizent wieren, an déi net gutt genuch informéiert wieren. "Dann ass et un eis fir den Tour ze maachen an déi Leit opzeklären, ëm wat et geet - a ganz vill kommen dann an d'Boot."

Vill Iwwerzeegungsaarbecht néideg

Hie selwer huet eegenen Aussoen no grouss Efforte gemaach, fir datt d'Personal vum CHEM am Viraus gutt informéiert wier. Iwwer den interne Site an iwwer Flyeren an de Lifter zum Beispill. Hie selwer wier vu Service zu Service gepilgert, hätt "déi Responsabel vun den techneschen Ekippen ugeschwat, déi dacks net op den Intranet kucke ginn, d'Botzpersonal, Transportpersonal, ...".

Den Dokter Serge Meyer vum Escher CHEM verstoppt net, datt et beim Vaccin Froe ginn, op déi d'Wëssenschaft den Ament nach keng Äntwerten hätt.

"Wat geschitt no zwee bis dräi Joer? Ass en nach gutt? Hu mer nach genuch Antikierper? Muss no-vaccinéiert ginn, hu mer eng nei Souche, déi vläicht net méi géif fonctionéieren. Déi Saache stinn am Raum. Eppes ass sécher: Wa mer näischt maachen a mat de Maske fueren, da si mer 2025 nach dobäi."

Enttäuschung iwwer d'Informatiounscampagne vun der Regierung

D'Leit beschtméiglech informéieren an hinnen dann hir fräi Entscheedung loossen, ass seng Devise. De Serge Meyer ass awer enttäuscht iwwer d'Kommunikatiounsstrategie vun der Regierung a punkto Vaccin. Vun der Regierung wieren nach bal keng offiziell Informatiounen ausgaangen.

"Et ass am Fong den Haiser iwwerlooss gi fir hiert Personal ze informéieren. Mir hu vun hinnen e Flyer kritt awer ganz spéit, nodeems eise längst eraus war."

De 25järegen Infirmier-Anesthesist Chris Reiss krut och en Dënschdeg seng éischt Dosis. Fir hien ass et wichteg, datt d'Fleegepersonal gutt informéiert ass, well et d'Referenz ass fir deenen anere Leit d'Angscht ze huelen.

D'Doktesch Caroline Gontran ass optimistesch, datt d'Bereetschaft fir sech impfen ze loossen, schlussendlech grouss wäert sinn.