Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat Soziaalt méi no vir bréngen

Europäesch Unioun

Dat Soziaalt méi no vir bréngen

D'Europäesch Unioun ass net um Enn, mä si muss hir Politik änneren a besonnesch um soziale Plang méi aktiv ginn. Dat war eng Konklusioun an der Emissioun Riicht eraus. Den Europadeputéierte Frank Engel, de Gewerkschaftler Jean-Claude Reding an den Europa-Expert Victor Weitzel hunn iwwert d'Zukunft vun der EU diskutéiert.

auto_stories

4 min

"Et gëtt nach ëmmer genuch Substanz vun der Europäescher Iddi", sot den CSV-Europadeputéiert Frank Engel. Déi gesellschaftlech Evolutioun an de leschte Joren hätt awer gewisen, dat d'Leit kritesch par rapport zur EU sinn, well se hir Problemer net léist.

Fir de Frank Engel ass d'EU "ganz kloer eng Wirtschaftsunioun", wëll d'Häerzstéck de Bannemaart ass. D'EU wier "virun allem eppes net - an zwar eng Solidargemeinschaft." Doru géif d'Unioun och zu Gronn goen, wann dorun näischt géif geännert ginn. "Wann d'EU a 50 Joer nach soll existéieren, muss se ufänken eng aner Politik do ze maachen, wou d'Leit dat och matkréien", sot den Frank Engel.

Méi Wichtegkeet fir Sozialpolitik

D'Äntwert op d'Finanzkris war d'Austeritéitspolitik, dorun huet de President vun der Chambre des Salariés, de Jean-Claude Reding erënnert. An dës Politik huet Ängschte bei de Leit ervirgeruff. Vun Ufank un hätt déi europäesch Gewerkschaftsbeweegung gefuerdert, datt de soziale Volet op dem nämmlechte Niveau wéi deen ekonomesche gehuewe gëtt a sech dofir agesat, dat eng juristesch Ofsécherung vun der sozialer Dimensioun a Form vun engem Zousazprotokoll an den Traitée geschaaft gëtt. Dozou ass et awer ni komm, an dofir gëtt et och haut keng Majoritéit, sou den Jean-Claude Reding.

Esou laang dat net do ass, kéint een net argumentéieren, dat d'Kommissioun soll Mesuren huelen, fir Defiziter am sozialen Europa ze begéinen, seet de fréiere President vum OGBL. "Wann ech d'Leit gesinn op der Strooss liewen, an engem Europa mat engem Bruttosozialprodukt deen nach ni esou héich war an eiser Geschicht, dann ass dat ee manifest Zeeche vum Versoe vun eiser Sozialpolitik an allen Europäesche Länner, inklusiv Lëtzebuerg."

Kommissioun huet Warnsignaler net wouer geholl

De Reflexiounspabeier zur Sozialpolitik, deen d'Kommissioun de 26. Abrëll presentéiert huet, wier "zaghaft", fënnt de Jean-Claude Reding. "Ech erwaarde mir, datt d'Kommissioun grouss Ziler festleet." Hien hätt sech och méi ee kloert Bekenntnis zu enger europäescher Léisung vun de soziale Problemer gewënscht. "An deem Pabeier misst drastoen, datt een d'sozial Politik vereenheetleche wëll, datt ee soziale Fortschrëtt no uewen an eng Harmoniséierung no uewen ugestrieft ginn."

Dem Victor Weitzel, fréieren Conseiller Special am Ausseministère no, huet d'Europäesch Unioun an de leschte Jore lues a lues e Bild opgebaut, datt si eng Unioun ass, déi un d'Rechter vun deene klenge Leit geet. Do hätt d'Kommissioun ënnert dem fréiere President José Manuel Barroso eng gigantesch Responsabilitéit. "Et hat een et mat Experte vun der Kommissioun a Commissairen ze dinn, déi manifestement d'Warnsignaler net wouer geholl hunn. Wann den ekonomesche Geescht net vun engem politeschen dirigéiert gëtt, dann huet een en Offall."

Verschidde Vitessen?

Engem "Europa mat zwou Vitessen", enger EU, an där verschidde Länner a bestëmmte Beräicher méi enk zesummeschaffen, begéinen d'Gewerkschaften mat Skepsis. Och fir de Frank Engel ass dat net d'Léisung. "Déi renforcéiert Kooperatioune bréngen d'EU net virun", sou den CSV-Politiker, deen domat net ganz op der Linne mat der Meenung vu senge Parteikollegen ass. Hien ass och géint en eegent Parlament vun der Eurozon, eng Iddi déi den Ament an der Diskussioun ass.

Lëtzebuerg wier momentan als Acteur an der EU inexistent, sou d'Analys vum Victor Weitzel. "Déi lëtzebuergesch Ministere sinn net gutt verankert an den europäesche Parteien. Dat selwecht gëllt fir d'CSV, déi sech bei den europäesche Leadere vun de Chrëschtdemokraten net staark bemierkbar mécht." Hie schwätzt och vun enger "erratescher Aart a Weis", mat där sech d'Regierung an de Finanzdossiere beweegt. Dat wier problematesch, sou den Victor Weitzel.

Lëtzebuerg muss aus sengem Eck eraus

Lëtzebuerg misst ophalen, a Froe vu Steierpolitik ze blockéieren, sot de Frank Engel. Hien ass dogéint, datt seng Partei eng Motioun mat ënnerschriwwen hat, déi sech kritesch zu enger gemeinsamer Betribsbesteierung op europäeschem Niveau ausgeschwat hat.

"Mir kennen net esou virufueren, mir mussen aus dem Eck eraus", sou de Frank Engel, fir deen "déi Festungsmentalitéit sech haut net méi konkret op eppes bezitt." D'Betriber kéimen net méi op Lëtzebuerg wéinst dësen Iwwerleeungen. "Ech sinn net méi bereet an Europa permanent als een dozestoen, deen et den déckste Konzerner erlaabt, quasi onversteiert Beneficer anzefueren a gläichzäiteg solle mir de griichesche Pensionnaire soen, si hätten eng ze héich Pensioun, wa se 350 Euro kréien."

"Soubal et a Reuniounen zu Bréissel zu Steierfroe kënnt, halen ech besser de Mond - well soss kréien ech just Streech", seet och de Jean-Claude Reding. "Do maache mer eis Dieren zou, wa mer näischt ënnerhuelen."