Radioen

On air

Notturno  |  M. Ward - Slow Driving Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Defie bleiwe fir d'Drogepolitik?

Drogepolitik an de Wahlprogrammer

Wéi eng Defie bleiwe fir d'Drogepolitik?

D'Zuel vun de Leit, déi e problemateschen Drogekonsum hunn, ass tëschent 2009 an 2015 liicht an d'Luucht gaangen. Eng 250 Leit gi pro Dag am eenzegen Drogekonsumraum vum Land betreit. Wéi d'Situatioun sech während der blo-rout-grénger Regierungszäit entwéckelt huet, a wéi eng d'Defie fir d'Drogepolitik bleiwen, erkläert de Stephan Polet.

auto_stories

5 min

Zu Lëtzebuerg goufen et 2015 geschat ronn 2.200 Mënsche mat engem problemateschen Drogekonsum. Dat geet aus dem Drogerapport 2017 ervir. Am Laf vun der Zäit hu sech d'Konsummustere geännert. De Jules ass zanter bal 30 Joer drogenofhängeg a kennt d'Drogenzeen zu Lëtzebuerg gutt.

"Zanter engem Joer huet de Kokain Iwwerhand geholl. Soss war et ëmmer de Contraire. Et huet ee sech e bësse mat Kokain ofginn, mee dat war et dann och."

Dësen Trend ass virun allem op eng méi grouss Offer u Kokain um Marché zeréckzeféieren an op e méi niddrege Präis. Dat bestätegt och den Alain Origer, nationalen Drogebeobtrachter am Gesondheetsministère.

Den Effekt vum Kokain dauert vill manner laang, wéi dee vum Heroin. Dat féiert dozou, datt Ofhängeger sech méi dacks am Dag sprëtzen. An extreme Fäll bis zu 20 Mol den Dag, erkläert den Raoul Schaaf, Direkter vum Conseil national pour la défense sociale, CNDS.

Dat bréngt eng ganz Partie Problemer mat sech, vun Iwwerdroe vu Krankheete wéi HIV oder Hepatite. "Awer och Verletzungen, well ee sech net richteg pickt", sou de Raoul Schaaf.

Drogekonsumraum Abrigado u Kapassitéitsgrenz

Am Abrigado zu Bouneweg, dee vum CNDS bedriwwe gëtt, kënnen an engem kontrolléierte Kader Drogen injektéiert oder inhaléiert ginn. D'Plaze sinn awer begrenzt. Bis zu 14 Leit kënnen hei gläichzäiteg consomméieren. Et kënnt deelweis zu laange Waardezäiten, seet den Didier Schneider, Directeur-adjoint am Abrigado.

Déi maximal Kapassitéit vum Abrigado wier zanter enger Zäit erreecht. An der Moyenne ginn all Dach 200-300 Leit an den Abrigado.

Fir Entlaaschtung suerge kéint eng nei Salle de consommation zu Esch-Uelzecht, déi Enn des Jores hir Dieren opmécht. De Günter Biwersi ass Directeur-adjoint vun der Jugend- an Drogenhëllef, déi sech ëm déi nei Struktur zu Esch këmmert. "Do si fënnef Plaze fir intraveneuse Konsum an zwou bis dräi Plaze fir ze inhaléieren. Dat ass fir och e bësse präventiv ze schaffen, fir datt net ëmmer Nolen am Spill sinn."

Programmer, wei d'Salles de consommation, d'Vergab vum Heroin a Pëlleform an de Methadonprogramm erfëllen hiren Zweck allgemeng gutt, fënnt den Alain Origer, Drogebeoptrachter vum Ministère. Wann een d'Situatioun haut mat där vu virun zéng Joer vergläicht, da géif ee feststellen, datt et manner Mënsche mat enger Drogesucht gëtt an d'Zuel vun den Iwwerdosisse staark erofgaange wier.

Lëtzebuerg ass Pionéier ...

Lëtzebuerg wier eent vun de rare Länner op der Welt, déi sou Drogekonsumraim, en Heroinprogramm an e Sprëtzentausch am Prisong huet. "Dat heescht, mir hunn eng ganz Rei vu Mesuren, déi op der Iddi baséieren, dat d'Relatioun tëschent dem Mënsch an den Drogen existéiert", sou den Alain Origer.

D'Suchtproblematik gëtt op ville Schinnen ugaangen. Dat sinn nieft der Repressioun an der Reduktioun vun de Risiken och nach Therapie a Preventioun. D'Zesummenaarbecht tëschent de verschiddenen Acteure wier immens wichteg, seet de Günter Biwersi.

... huet awer och nach Baustellen

Vertrieder vum Suchtverband fuerderen, datt Drogesüchteger e besseren Accès zu der Fleegeversécherung kréien. Och zwou nei Salles de consommation wieren néideg: eng am Norden an eng zweet an der Stad.

E weidere Problem si laang Waardenzäite beim Entzuch an de Kliniken. "Dëst geheit oft déi zeréck, déi wëlle probéiere vun hirer Sucht lasszekommen", erkläert d'Jeanne Menster, Infirmière am Abgrigado. Verschidde Konsumente géifen immens frustréieren, well si wierklech ophale wëllen.

De President vum Suchtverband Jean-Nico Pierre huet am Interview mam radio 100,7 geklot, et géif fir d'Drogeproblematik ze wéineg Interesse ginn. "Mir hunn elo Wahlen. Bis elo hunn ech nach net gesinn, datt Parteie sech fir d'Problematik interesséieren a konkret Mesuren opgesat hunn, fir de Leit ze hëllefen."

Politesch Parteie maache keng verbindlech Bekenntnisser

Wann ee sech déi Wahlprogrammer ukuckt, déi am Ament schonn ëffentlech sinn, da stellt ee Fest, datt virun allem d'Fro no der Legaliséierung vum Cannabis thematiséiert gëtt. D'Suchtproblematik gëtt wéineg ugaangen an et sinn dacks nëmme ganz allgemeng Bekenntnisser.

Sou schreift zum Beispill d'LSAP:

"Neue Wege gehen zur dauerhaften Bekämpfung der Drogenproblematik (z. B. in Luxemburg-Gare, Esch/Alzette und Ettelbrück) und wird dabei auf eine Kombination von Prävention, Betreuung, kontrollierter Abgabe auch von harten Drogen und Repression setzen. Die LSAP wird sich dazu an erprobten Modellen in anderen Städten und Ländern inspirieren."

D'DP seet, si wéilt dem Projet Housing-first vum CNDS, wou och Leit mat enger Sucht gehollef kréien eng Wunneng ze kréien a betreit ginn, nei Haiser zur Verfügung stellen.

déi gréng nennen e puer méi konkret Mesuren, wéi zum Beispill:

"Für Kokain und synthetische Drogen werden wir die Möglichkeit einer legalen staatlichen Qualitätskontrolle schaffen"

déi gréng sinn och déi eenzeg Partei, déi op déi laang Waardenzäite beim Entzuch an de Kliniken ageet. Mee och hei bleift et - op d'mannst am Wahlprogramm - bei relativ allgemengen Zousoen.

D'Pirate wëllen eng Entkriminaliséierung vun Drogenofhängegen a fuerdere fir déi Betraffe Méiglechkeete fir Therapie, Berodung a sozial Reinsertiounsmossnamen ze schafen. Ähnlech äussere sech déi Lénk.

D'KPL an déi Konservativ äussere sech an hire Wahlprogrammer net zur Suchtproblematik.

D'ADR huet hire Wahlprogramm nach net verëffentlecht. Am Fall vun der CSV sinn eréischt eenzel Deeler vum Programm ëffentlech. An de Passagen iwwer d'Gesondheetspolitik steet näischt zum Thema Sucht.

Déi meescht Parteie schwätze sech grondsätzlech fir eng Dezentraliséierung vu Strukture wéi dem Abrigado aus, zécken awer meeschtens, dëst och géint de Wëlle vun de concernéierte Gemengen duerchzesetzen.