Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impakt vum Klimaaccord op déi Lëtzebuerger Economie

Weltklimasommet

Impakt vum Klimaaccord op déi Lëtzebuerger Economie

D'Patronat hofft op keen ze staarken Afloss vum Klimaschutzaccord op den Industriestanduert Lëtzebuerg. An de leschte Joere wiere schonn Efforte gemaach gi, fir méi ëmweltfrëndlech ze ginn, esou den Nicolas Henckes, de Generalsekretär vun der Unioun vun den Entreprisen um Radio 100,7.

auto_stories

1 min

Norman Fisch (INDR), Ëmweltministerin Carole Dieschbourg an UEL-Generalsekretär Nicolas Henckes zu Paräis (C) UEL/INDR

D’UEL géif schonn zënter Joere soen, datt e manner extensive Wuesstemsmodell gebraucht géif ginn. Dat hätt awer och een Afloss op d’Finanzéierung vum Pensiounssystem, esou den Patronatsvertrieder Nicolas Henckes. Op Invitatioun vum Ministère war hien an de leschten Deeg op der UN-Klimakonferenz zu Paräis mat dobäi.

Réischt an den nächsten 30 Joer misst sech entwéckele, wéi een Erausklammen aus der fossiller Energie ka geléngen. Dem Nicolas Henckes no, wier een hei am Land schonn am gaangen ze kucke, wéi eng Reduktioun vum Verbrauch vu Petrolsprodukter respektiv manner Verschwendung méiglech sinn.

Lauschtert den Interview vum Serge Kesseler mam Nicolas Henckes: