Radioen

On air

Kultur um 5  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ee Kandidat passt bei mech?

Chamberwahlen

Wéi ee Kandidat passt bei mech?

D'Web-Applikatioun Smartwielen.lu versicht op eng spilleresch a pedagogesch Aart a Weis, dem Notzer déi Kandidaten a Parteien ze weisen, déi senge politeschen Iwwerzeegungen am nooste stinn. D'Uni.lu an den Zentrum fir politesch Bildung hunn dës App - eng Schwäizer Erfindung - weiderentwéckelt. 2009 war se eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg an den Asaz komm. Déi neiste Versioun ass zanter e Mëttwoch online. Sachlech informéieren, ewech vun emotionalen Discoursen: dat ass den Usproch vun de Promoteuren.

auto_stories

3 min

De Prinzip vu Smartwielen.lu ass relativ einfach: Den Notzer beäntwert e Questionnaire iwwer all méiglech politesch Froe mat "Jo", "éischter Jo", "éischter Nee", oder "Nee". All Fro kann och als perséinlech méi oder manner wichteg ponderéiert ginn.

De Programm rechent dann aus, wéi enge Kandidate respektiv Parteien den Notzer politesch am nooste steet, opgrond vun den Äntwerten, déi si hirersäits ginn hunn. Dat Ganzt bleift anonym, versécheren déi Responsabel.

"Smartwielen.lu soll ee Reflexiounsprozess ausléisen"

Den Notzer ka sech des Weideren iwwer déi eenzel Kandidaten informéieren a gëtt gewuer, wou hie sech selwer politesch situéiert. "Smartwielen.lu ass een zousätzlecht Instrument, fir sech iwwer Parteiprogrammer an aktuell politesch Debaten ze informéieren", seet den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung Marc Schoentgen. Et wier och eng Plaz, wou Kandidaten, déi et wëllen, sech kéinten erklären. "Et bleift awer net beim Informéieren", sou de Schoentgen. "Well dat léist ëmmer ee Reflexiounsprozess aus, dat léist Diskussiounen aus. Dat ass ee ganz wichtege Volet vun deem Instrument."

D'Datebank op Smartwielen.lu ass allerdéngs net komplett. Déi Kommunistesch Partei an Demokratie hu bis elo net matgemaach. A vun de 547 Kandidaten, déi op de Wielerlëschten agedroe sinn, sinn der zwar 416 am System erfaasst, mee nëmmen 280 haten - um Stand vun e Mëttwoch - de Froekatalog beäntwert.

Dee besteet iwwregens aus 43 Froen. Ugefaangen hätt ee mat 180 Froen, déi Acteuren aus der Zivilgesellschaft a Journaliste proposéiert haten, erkläert d'Jenny Gross vum Zentrum fir politesch Bildung:

"Doropshin hu mir eng intern Selektioun gemaach, op der Basis vu verschiddene Critèren. Déi Froen hu missten am aktuelle politeschen Debat en Thema sinn, hei zu Lëtzebuerg oder och an Europa. Si hu missten op de Parteiprogrammer baséieren, och op de verschiddene Konsultatioune mat der Zivilgesellschaft an de Journalisten. Zousätzlech hunn d'Froe keng Partei dierfe bevirdeelegen."

Kritt den Notzer virgeschriwwen, wien e wiele soll?

D'Web-Applikatioun Smartwielen.lu huet den Usproch, ee sachlecht, wëssenschaftlech Instrument ze sinn. Besteet net grad aus deem Grond d'Gefor, datt den Notzer d'Resultat ëmsou méi als eng Wahlrecommandatioun ugesäit? Fir op d'Fro vun engem méiglechen "effet prescripteur" ze äntweren, verweist de Raphaël Kies, Politolog op der Uni.lu, op eng Analys vun 2009. An op déi Kategorie vu Wieler, déi d'App deemools am meeschte benotzt hätt:

"Et waren déi Leit, déi am beschten iwwer d'Politik informéiert, am meeschten un hir interesséiert waren. Gläichzäiteg sinn et déi, déi sech am mannste vun esou Instrumenter beaflosse loossen. Et geet een nämlech dovunner aus, datt si schonn eng wäit entwéckelt Meenung hunn. Wien dës Instrumenter deemools am mannste benotzt hat, dat waren déijéineg, déi am mannsten informéiert oder interesséiert waren. Mir schwätzen iwwer ee minimalen Effet, mee et ware si, déi potentiell am meeschte beaflossbar waren."

De Raphaël Kies mengt och, datt manner den ideologesche Choix vun der Partei, wéi dee vun de Kandidaten duerch en Instrument wéi Smartwielen.lu kéint beaflosst ginn. D'App wier jo och besonnesch op de System vum Panachage zougeschnidden.

"D'Leit fäeg maachen, sech mat Inhalter ausenanerzesetzen"

De President vum Zentrum fir politesch Bildung Nico Meisch hofft sengersäits, datt d'App d'Wahlen an engem bestëmmte Sënn beaflosst, nämlech als Bildungsstruktur. "Ech hoffen, datt d'Bildung zum Beispill dann d'Leit fäeg mécht, sech mat Inhalter ausenanerzesetzen, mat ënnerschiddleche Positiounen, een net emotionalen Discours ze féieren, mee e sachlechen Discours."

D'Promoteure vun der Web-Applikatioun wëlle se och nees bei den Europawahlen d'nächst Joer ubidden. Da mat engem Deel Froen, déi uechter Europa déi selwecht wieren.