Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi d'EU am Digitalen eng Schëpp bäileeë wëll

Digitalisatioun

Wéi d'EU am Digitalen eng Schëpp bäileeë wëll

D'EU wëll eng Schëpp bäileeën am digitale Beräich. Et ass net fir d'éischt, datt d'EU-Kommissioun déi Ambitioun huet. Dës Kéier awer gouf d'Urgence besser erkannt, seet d'Margrethe Vestager. Déi dänesch EU-Kommissärin gouf vu Journaliste vum Radios-Reseau Euranet Plus befrot.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


Datt d'EU am digitale Beräich hannendran ass, huet och domat ze dinn, datt Europa staark ofhängeg ass vum Import. Zum Beispill vu sougenannte Semiconducteuren, een Haaptbestanddeel vu Mikrochippen. D'EU huet sech zum Zil gesat, hiren Undeel um Marché vun elo néng op 20 Prozent bis am Joer 2030 ze erhéijen. Dat ass ambitiéis, an et ass net fir d'éischt, datt een sech dat virhëlt. Firwat sollt et also elo klappen?

Ukrain als Virbild

"Dat Paradoxt ass, datt d'Kommissioun schonn 2014 sot, d'EU misst op 20 Prozent kommen. Et ass awer näischt geschitt", gëtt d'EU-Kommissärin Margrethe Vestager zou:

"Elo awer gesi mer d'Urgence op engem ganz aneren Niveau, wéinst der Geopolitik. De Krich huet dat nach méi kloer gemaach. Deen zweete Grond, firwat mir mengen, datt et dës Kéier klappt, ass, datt mir spezifesch Projeten um Terrain lancéiert hunn."

Et bleift nach vill ze dinn, esou déi dänesch Kommissärin. Zum Beispill, wann et drëm geet, Späicherkapazitéiten a Cloud-Servicer ze diversifizéieren. An hei kéint ee vun der Ukrain léieren, seet d'Margrethe Vestager:

"Well een et do fäerdeg bruecht huet, bannent enger Woch oder zéng Deeg déi ganz Administratioun vun der Regierung an eng Cloud ze versetzen. 17 Ministèrë funktionéieren elo esou. Dat gëtt aus dem Ausland gesteiert, fir datt d'Donnéeë sécher sinn. Dat ass ee gutt Beispill, wéi ee ka fir Datesécherheet suergen. Un esou Saache sollte mir eis gewinnen."

Allerdéngs ass d'EU do wäit dovun ewech - de Niveau vun der Digitalisatioun an de 27 Memberlänner ass ganz ënnerschiddlech.

"D'EU huet virun zéng Joer versot, een digitale Marché opzebauen"

Virun zéng Joer hätt d'EU versot, een digitale Bannemarché opzebauen, seet d'Kommissärin. Dat wier deel deels nogeholl ginn:

"Déi gréisst Barrière ass den Ament déi fachlech Kompetenz. Et gëtt vill ze mann Leit, déi déi néideg Kenntnisser hunn. Vill Leit hu mol net d'Basiswëssen. Dat ze änneren, ass dowéinst d'Haaptprioritéit an de Corona-Hëllefsprogrammer vun de Memberlänner. Mir mussen nach vill méi Leit dozou bréngen, déi néideg Kompetenzen ze kréien."

Vill Leit an der EU géifen nach ëmmer net akzeptéieren, datt ëffentlech Verwaltungen hir Servicer online offréieren. Allerdéngs ass et fir d'Margrethe Verstager kloer, datt een net deen alen an den neie System gläichzäiteg kann hunn. Dat wier ze deier - dowéinst misst jiddereen sech op dee Wee maachen an och déi néideg Hëllef kréien, fir dat ze packen.

Koalitioun mat Drëttlänner opbauen

D'EU muss op hirem digitale Wee op Alliéierter setzen, mat deenen een zesummeschaffe kann, dovun ass d'Dänin iwwerzeegt. Par rapport zu den USA hätt hei de Wand gedréint:

"Et gëtt vill méi Gemeinsamkeete wéi nach vrun zwee Joer. Mir sinn eis eens - wat hëlleft, ass, datt och Japan, Südkorea, Kanada an Australien d'Saachen och esou wéi mir an Europa gesinn."

A wéi fern wäert dann de Krich an der Ukrain déi elo esou positiv beschriwwen Entwécklung beaflossen? Zum Beispill d'Produktioun vu Semiconducteuren, an deenen Neon-Gas aus der Ukrain mat verschafft gëtt.

Och hei setzt d'Kommissärin op d'Zesummenaarbecht mat deene Länner:

"Et ass wichteg, mat den USA ze kooperéieren, an eng Zort Koalitioun vun de Länner ze schafen, déi eis beliwwere kënnen. Kanada, Australien, Norwegen si frou, fir anzesprangen. Si soen awer, datt si eng Laangzäit-Perspektiv brauchen, fir datt d'Entreprisen investéiere kënnen. Mir schaffen dorop hin, ma dat kéint nach eng Zäit daueren."


De ganzen Euranet Plus-Debat kënnt Dir hei kucken: