Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Webinar mam SCRIPT: Digital Sciences

Een neit Fach an de Lycéeën

Webinar mam SCRIPT: Digital Sciences

Och wa mir nach net genee wëssen, wéi d'Gesellschaft vu muer wäert ausgesinn, ass et ganz kloer, dass digital Kompetenzen néideg sinn, fir voll dorun Deel huelen ze kënnen. D'Entwécklung vun deene Kompetenzen ass mat eng virrangeg Missioun vun der Schoul vum 21. Joerhonnert ginn. Woubäi et net just dorëms geet, déi technesch Fäegkeeten ze vermëttelen, mee d'Schüler*innen och bei der Festegung vun hirer eegener digitaler Identitéit ze begleeden.

auto_stories

3 min

Vun der nächster Rentrée un gëtt et mat den "digitale Wëssenschaften" een neit Fach an enger Rei Lëtzebuerger Lycéeën. An enger éischter Pilotphas maachen an 18 Gebaier d'Klasse vu 7e bis 5e mat, dat ass ronn all zweete Lycée.

Fir d'Rentrée duerno, 2022-23, gëtt den breetgefächerten Informatikscours dann an alle 7ème vum Land obligatoresch ier et dann dat Joer nach duerno vu 7-5e op den offizielle Programm kënnt.

D'Fach "Digital Sciences" wier d'Äntwert op d'Digitaliséierung vun eiser Ëmwelt, sot den Educatiounsminister Claude Meisch de Moie virun der Press. De Cours vun an der Moyenne enger Stonn pro Woch, soll och eethesch Aspekter vun artificieller Intelligenz, grad wéi de Gaming an déi sozial Medien, zum Beispill, ëmfaassen. "Digital Sciences" ass als Suite fir d'Codings-Couren am Fondamental geduecht.

"Eng Noutwennegkeet"

Fir d'Claire Flammang, Professesch am Lycée Aline Mayrisch a Coordinatrice vun der Aarbechtsgrupp fir d'Fach "Sciences numériques", ass et "e ganz spannende Moment", Paradigme géifen nei gesat ginn.

"Et gëtt dacks vun digital natives geschwat, déi mat neien Technologien op d'Welt komm sinn. Si si wuel zu engem Moment op d'Welt komm, wou et all d'Apparater goufen, dat heescht awer net, datt si digital agil sinn, wat heescht, datt se kënne mat den digitalen Apparater schaffen."

Digital Sciences - sciences numériques wier eng Noutwennegkeet ginn, seet d'Claire Flammang. Am Kader vun der Campagne "Einfach digital" wier e grousst Zeeche gesat gi mam Mediakompass a mam Codéieren an der Grondschoul.

"A fir där Logik koherent ze bleiwen ass dat neit Fach fir de Secondaire geduecht ginn. Et gi sechs grouss Axes thematiques, déi queesch duerch de Gaart déi digital Welt duerch verschidden Diere beliichten."

Déi éischt Achs géif de Champ d'action opmaachen: "do geet et ëm déi digital Welt an ech." An der zweeter Achs geet et ëm de www, "mäin Netzwierk an ech".

De Pierre Weissgerber ass Chimiesproff am Maacher Lycée an ass haut als Correspondant informatique am MLG zoustänneg fir iPads. Hien zielt, datt et an der Achs zwee och ëm Donnéeë geet, déi een am Internet verëffentlech, a wéi eng Risiken et heibäi ginn. Och Sexting wier en Theema. "Et geet also drëms ze sensibiliséieren."

Parallel dozou géif et e prakteschen Deel ginn, wou Schülerinnen a Schüler hir Internetpresenz plangen. Hei léiere si zwou Sproochen, déi am Internet essentiell sinn: HTML an CSS.


Kuckt de ganze Webinar nach eng Kéier:

Am Studio waren:

  • d'Claire Flammang, Professer am Lycée Aline Mayrisch a Coordinatrice vun der Aarbechtsgrupp fir d'Fach "Sciences numériques",
  • d'Deborah Plein, Responsabel fir d'Kommunikatioun bei BEE SECURE
  • d'Jennifer Breithoff, Chargée de direction vun der scolarisation spécialisée vum CDSE
  • de Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers. Analysen vun enger Rei Expert*innen sinn zousätzlech an der Emissioun ze héieren.