Sozialwahlen 2019 Wat sinn d'Haapt-Enjeue vun de Sozialwahlen?

Kréien d'Gewerkschaften nees méi Afloss an de Betriber? Oder confirméiert sech den Trend vun 2013, wéi eng éischte Kéier méi wéi d'Hallschent vun den Delegéierten net op Gewerkschaftslëschte kandidéiert haten. Fir den Adrien Thomas, deen um LISER iwwer Syndikalismus fuerscht, ass dat den Haapt-Enjeu vun de Sozialwahle vum nächsten Dënschdeg.

Maurice Molitor / cz

Adrien Thomas
Den Adrien Thomas fuerscht um LISER iwwer Syndikalismus

Beim anere Volet vun deene Wahlen, deene fir d'Salariatskammer, géif et haaptsächlech - awer net nëmmen - ëm d'Kräfteverhältnis tëschent den zwou grousse Gewerkschafte goen.

Bei de leschte Sozialwahlen an de Betriber hätt ee gesinn, datt just 49 Prozent vun de gewielte Personaldelegéierten op enger Gewerkschaftslëscht gewielt gi sinn. "Dat heescht méi wéi d'Hallschent vun de gewielten Delegéierte waren d'leschte Kéier net op enger Gewerkschaftslëscht präsent", sou den Adrien Thomas.

Zukünftegt Kräfteverhältnis tëschent OGBL an LCGB

Eng Fro wier, ob den OGBL seng Situatioun weider kéint ausbauen oder ob e liicht wäert verléieren. Beim LCGB géif sech d'Fro stellen, ob d'Gewerkschaft sech wäert erkréie par Rapport zur leschter Kéier, wou se verluer hat. De sektoriellen Enjeu géif dës Kéier eng besonnesch wichteg Roll spillen, virun allem fir d'ALEBA, déi 2013 just 50,4 Prozent am Finanzsecteur krut.

D'Kräfteverhältnis tëschent den zwou national representative Gewerkschaften ass fir den Adrien Thomas, deen um LISER iwwer Syndikalismus fuerscht, een Haapt-Enjeu vun de Wahlen fir d'Salariatskammer. Awer net deen Eenzegen.

Wéi eng Zukunft fir d'ALEBA?

Vu groussem Interessi ass och d'Ofschneide vun der ALEBA, well si am Finanzsecteur nach eemol 50 Prozent vun de Stëmme brauch, wa se d'Recht behale wëllt fir Kollektivverträg bei Banken an Assurancen ze ënnerschreiwen.

Wann d'ALEBA dat net géif packen, wier dat vläicht net direkt hiert Enn, mee et géif garantéiert hir intern Kris, déi elo schonn offensichtlech ass, weider verstäerken, sou den Adrien Thomas.

Generell ass den Adrien Thomas der Meenung, datt d'Gewerkschaften zu Lëtzebuerg nach ëmmer staark sinn, mee datt se ongläich verdeelt sinn. D'Gewerkschafte si staark am ëffentlechen Déngscht, am Transportsecteur, an der Industrie an an der Constructioun.

Awer an anere Secteure si se vill manner oder souguer guer net präsent, wou et dann och kee Kollektivvertrag gëtt. An do ginn et dann och keng Gehaltserhéijungen ze verhandelen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Delegatiounswahlen
Sozialwahlen 2019

An alle Betriber, an deene 15 oder méi Leit schaffen, ass d'Personal den 12. Mäerz opgeruff seng Delegatioun ze wielen. Wéi lafen déi Wahlen genee of?

Georges Merenz an d'Mylène Bianchy
Sozialwahlen 2019

D'Mylène Bianchy (Syprolux) fuerdert, datt d'Kommunikatioun vun der CFL méi proaktiv misst ginn. Fir de Georges Merenz (Landesverband) misst déi extern an déi intern Kommunikatioun verbessert ginn.

Carole Blond-Hanten
Sozialwahlen 2019

Wéi ee Profil hunn d'Personaldelegéiert an de Betriber - a wat maachen d'Delegéiert eigentlech konkret? De LISER huet dat erfuerscht. Eng Conclusioun: de Sozialdialog gëtt vu Männer dominéiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen