De Bilan vun den déidleche Randaler am amerikanesche Kapitol klëmmt op fënnef Doudeger: um Freideg Moien ass ee blesséierte Polizist gestuerwen.
Trump assuméiert keng Responsabilitéit
Den Donneschdeg war roueg zu Washington. Am Wäissen Haus huet een näischt vum Donald Trump héieren, zum Deel wuel well Facebook an Twitter seng Konte gespaart haten.
Bis gëschter Owend, wou hien nees Accès krut an ee Video-Message opgetaucht ass, an deem ze héieren ass: "Fir déi Leit déi responsabel ware fir Gewalt an Zerstéierung, dir representéiert eis Land net. A fir déi, déi géint d'Gesetz verstouss hunn, dir wäert dofir bezuelen."
- Donald J. Trump (@realDonaldTrump) January 8, 2021
Responsabilitéit fir d'Gewalt akzeptéiert den Donald Trump net. Ënner anerem de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn hat jo um Donneschdeg gesot: "Den Donald Trump ass e Verbriecher, e politesche Brandstëfter a gehéiert virun e Strofgeriicht".
D'Nationalgard zu Washington stationéiert
Gëschter waren nach e puer Trump-Supporter an der amerikanescher Haaptstad ënnerwee, mee no un de Kapitol oder un d'Wäisst Haus komme si net méi. Grouss schwaarz Barrièrë stinn elo ronderëm dat amerikanescht Parlament, een Dag ze spéit natierlech. Et sinn déi nämmlecht Barrièren, déi och schonn zanter dësem Summer d'Wäisst Haus solle beschützen, no de Manifestatioune géint Rassismus a Police-Gewalt.
Och ass d'Nationalgard, also amerikanesch Zaldoten, elo zu Washington stationéiert. Et hat e Mëttwoch einfach ze laang gedauert fir si ze aktivéieren. Dat schéngt dem Donald Trump selwer a senger Regierung hir Schold ze sinn, obwuel den Trump a sengem Video seet, hien hätt si direkt op den Terrain geschéckt.
D'Police, déi de Kapitol beschütze soll, war net op d'Evenementer virbereet, obwuel Woche laang bekannt war, datt dem Trump seng Supporter, an och Milizen, de Wee op Washington fanne géifen. De Chef vun där Police huet säi Récktrëtt ugekënnegt.
Demissiounen an der Regierung
Récktrëtt gouf et der och nach eng Rei an der Trump-Regierung, d'Transportministerin an d'Educatiounsministerin zum Beispill. Demokrate wëlle méi: si wëllen den Donald Trump lassginn.
Today, Rep. Omar unveiled a resolution to impeach President Donald J. Trump for high crimes and misdemeanors.
- Rep. Ilhan Omar (@Ilhan) January 7, 2021
You can view the full resolution and cosponsors here:
https://t.co/tOuam8m5DC
Mee säin enke Krees bleift him trei, a seng eege Regierung wäert hie kaum forcéieren, säin Amt nidderzeleeën.
Den Donald Trump huet a sengem Video awer endlech eppes zouginn: "De Kongress huet d'Resultater confirméiert. Eng nei Regierung iwwerhëlt de Pouvoir den 20. Januar. Ech konzentréiere mech elo drop fir eng uerdentlech Transitioun ze garantéieren."
Den FBI sicht no de Vandalen aus dem Kapitol. Vill vun hinne goufe scho vun amerikanesche Medien identifizéiert. Bekannt Neo-Nazien, Verschwörungstheoreetiker, Rassiste waren dobäi. Just iwwer 80 Leit goufe bis elo verhaft.