Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jalen Ngonda - Rapture

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat geschitt mat de russesche Refugiéen?

Krich an der Ukrain

Wat geschitt mat de russesche Refugiéen?

No der partieller Mobiliséierung a Russland flüchte vill Russe Richtung EU. An der Europäescher Unioun ass ee sech allerdéngs net eens, ob een déi russesch Flüchtlingen soll ophuelen.

auto_stories

2 min

No enger Reunioun vun den EU-Ambassadeure gouf d' EU-Kommissioun gebieden, Ligne-Directrice fir eng gemeinsam Léisung ze proposéieren.

D'Hoffnung op eng europäesch Léisung war beim Lëtzebuerger Ausseminister awer schonn am Virfeld vun dëser Reunioun éischter kleng. De Jean Asselborn schwätzt vum "Onméiglechen", nämlech eng gemeinsam Approche an der EU hinzekréien.

Baltesch Länner wëlle keng russesch Flüchtlingen ophuelen

De Charles Michel, President vum Conseil hat sech am Magasinn Politico dofir ausgeschwat, russesche Flüchtlingen d'Dier an d'EU opzemaachen.

Virop déi baltesch Länner wëllen dat awer net. De litaueschen Ausseminister Gabrielius Landsbergis hat lescht Woch zum Beispill op Twitter geschriwwen, säi Land wier net prett Russen opzehuelen, déi virun hirer eegener Verantwortung géife fort lafen. Si sollten doheem bleiwen a géint de Putin kämpfen.

LUkraine: russesch Männer sollen a Russland e Géigegewiicht zu Wladimir Putin opbauen

Där Meenung ass och den Nicolas Zharov, President vun der asbl LUkraine. Et misst een Uecht ginn, wéi eng Persounen een zu Lëtzebuerg wéilt ophuelen, seet hien.

"Les hommes qui n'ont pas eu la volonté de faire les changements dans leur pays et ils veulent maintenant échapper pour un moment, donc la mobilisation en Russie. Justement parce qu'ils ont peur. C'est plutôt les choix qu'ils ont fait. Est-ce qu'on accepterait les gens, qui ont fait le choix de continuer la guerre et pas s'opposer à cette guerre?"

Déi russesch Männer sollten a Russland bleiwe fir do e Géigegewiicht zum Wladimir Putin opzebauen, seet den Nicolas Zharov:

"Il faut assumer la responsabilité commune du peuple russe et faire des changements afin d'éviter les futurs développements dans cette guerre."

Lëtzebuerg kéint Problemer kréien, wa russesch Männer, déi net an Krich wëllen, opgeholl ginn, mengt den Nicolas Zharov.

Op där anerer Säit hätt een déi ukrainesch Refugiéeën, déi haaptsächlech aus Fraen a Kanner bestinn, sou den Nicolas Zharov.

Sollt Lëtzebuerg, wéi den Ausseminister dat annoncéiert huet, d'Diere fir russesch Refugiéen opmaachen, wielt hien de Kontakt mat de Responsabelen sichen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.