Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bleift no fënnef Joer europäescher Flüchtlingspolitik?

Chronik

Wat bleift no fënnef Joer europäescher Flüchtlingspolitik?

Déi éischt grouss Flüchtlingswell ass mëttlerweil fënnef Joer hier. An awer gëtt et nach ëmmer kee funktionéierende Verdeelungsmechanismus fir déi Länner ze entlaaschten, wéi Italien, Griichenland oder Spuenien, déi souwisou schonn ekonomesch an no der Corona-Kris schwéier ze kämpfen hunn. Och wann dës Länner hir Capacitéite fir Flüchtlingen opzehuelen ausgebaut hunn, huet d'Situatioun sech nëmme bedéngt gebessert. Där Meenung ass d'Lara Bousch an eng Kommentar, zwee Deeg nom Weltflüchtlingsdag.

auto_stories

3 min

Am Ufank war et d'Wëllkommenskultur, mee et gëtt ëmmer méi eng Feindséilegkeet, soen Hëllefsorganisatiounen wéi d'UNHCR. Et gëtt rapportéiert, datt Booter mat Refugiéen, déi grad op de Küsten ukommen, erëm zeréck an d'Mier gedréckt ginn, dacks esou guer vu lokalen Autoritéiten.

D'Léisung, déi d'EU an de leschte fënnef Joer fonnt huet, ass en Deal mat der Tierkei, dee laut Mënscherechtsorganisatiounen nach ni richteg geklappt huet. Am Plaz Verantwortung ze iwwerhuelen an de Mënschen e Wee ze bidden a Sécherheet ze kommen, gëtt de Problem ignoréiert andeems d'Grenzen zougemaach ginn a Mënschen, déi via privat Initiative versichen ze hëllefen, wéi zum Beispill am Mëttelmier, gi kriminaliséiert.

Flüchtling sinn a Corona-Zäiten

Also bleiwen d'Hëllefsbooter an den Häfen, wou se beschlagnaamt ginn, deelweis erdrénken d'Mënschen. Am Joer 2019 waren et der 1.900. Déi Mënschen, déi et an d'EU packen, meeschtens traumatiséiert duerch déi Aart a Weis, wéi si an der Tierkei oder a Libyen behandelt goufen, mussen als éischt a Lagere liewen. Wärend déi meeschte vun eis sech un de Social distancing gewinnt hunn, si Mënschen an de Lageren op de griicheschen Insele gezwongen, op enkstem Raum ze liewen.

Zu Lesbos am Lager vu Moria liewe 16.000 Mënschen, wou der just 3.000 virgesi wieren. An dës Iwwerbevëlkerung ass keen Eenzelfall an och näischt Neies. Ënner battere Konditiounen, déi ofschreckend wierke solle fir aner Flüchtlingen dovunner ofzehalen heihin ze kommen.

Déi griichesch Regierung ënnerhëlt ëmmer méi Schrëtt fir Flüchtlingen an Hëllefsorganisatiounen d'Liewe schwéier ze maachen. Amnesty international weist sech alarméiert iwwer d'Ännerungen, déi déi griichesch Regierung an hirem Asyl-Gesetz adoptéiert huet, déi warscheinlech net konform mam europäeschem Recht sinn.

De Problem léist sech net mat Suen

De "Problem" léisst sech net esou einfach ignoréieren, och net andeems ee Suen un d'Tierkei iwwerweist. D'Tierkei, dat wäitaus méi Flüchtlingen ophëlt wéi Europa. Ufank Dezember 2019 waren et der véier Milliounen, dovunner 3,6 Millioune Syrer.

Genee mat dësen Zuele léisst d'EU sech vum tierkesche President ënner Drock sëtzen, fir all Kritik vun der EU, wat seng autoritär Politik ugeet, vu sech ze weisen. D'Europäesch Unioun bréngt et hei net fäerdeg Léisungen ze fannen. Déi populistesch Asylpolitik vun Ungarn, Éisträich oder Polen huet erschreckend vill Duerchsetzungsverméigen.

Fridde fir wien?

Et ass esouguer e Kampf fir 12 Mineuren hei an d'Land aus de Lageren ze evakuéieren. Den Ausseminister Asselborn ass, mat Ausnam vu sengem däitschen Homolog, mat senger Drëps um waarme Steen eng Ausnam an der EU. Net nëmmen an der Corona-Kris heescht et "chacun pour soi".

Europa soll e Projet vum Fridden sinn. Mee Fridde fir wien? Fir déi puer Prozent, déi d'Majoritéit vum Räichtum an Europa besëtzen? Fir Politiker, déi d'Stëmme vu riets wëllen? Wuel net fir d'Männer, d'Fraen an d'Kanner, déi mer op eise Grenzen am Stach loossen.