Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wahlkampf lancéiert - fir d'FDP an déi Gréng

Kommentar

Wahlkampf lancéiert - fir d'FDP an déi Gréng

No der Debatt tëscht de grousse Favoritte fir d'Bundestagswahl ass de Wahlkampf richteg lancéiert. Net fir d'SPD oder d'CDU, mä fir déi kleng Parteien. Déi méiglech Koalitiounspartner vun der Unioun wäerten d'Wahl nämlech decidéieren, mengt de Matthias Kirsch a sengem Kommentar.

auto_stories

2 min

Mä et sinn net d'SPD an d'CDU/CSU, fir déi de Wahlkampf elo richteg ugeet. Déi Éier fält zwou méi klenge Parteien zou, nämlech der FDP an dem Bündnis 90/Die Grünen. Souwuel déi Liberal wéi och déi Gréng kéinten als Junior-Partner an engem Kabinett Merkel IV opdauchen - an anere Wierder: wann an de nächsten dräi Woche kee Wonner geschitt, also d'Unioun staark verléiert oder d'SPD onwahrscheinlech bäileet, da wäerten d'FDP an déi Gréng d'Bundestagswahl 2017 decidéieren.

Wéi wahrscheinlech si Koalitioune vun der Unioun mat der FDP oder de Gréngen? Op den éischte Bléck hunn déi Liberal den Ament déi besser Kaarten. Datt d'FDP an d'Unioun zesumme regéieren, war laang Traditioun, an déi al Gei, déi d'Wahlen 2013 no der schwaarz-gieler Koalitioun un d'Mauer gefuer huet, ass och net méi do. 2017 ass e Joer, an deem d'CDU an d'FDP nees zouenee fonnt hunn. An Nordrhein-Westfalen stelle béid Parteien zënter Mee eng nei Regierung - an och a Schleswig-Holstein ass een, an enger Jamaika-Koalitioun mat de Gréngen, zesummen un der Muecht. An deenen zwee Bundeslänner sti ganz verschidde politesch Problemer um Programm, an awer si sech d'CDU an d'FDP ëmmer eens ginn. Dat kéint e wichtege Facteur en vue vun de Koalitiounsverhandlunge sinn.

D'CDU kann awer och mat de Grénge regéieren, an dräi Bundeslänner ginn et deementspriechend Koalitiounen. Déi Gréng si schwaach, an an de leschte Méint staark an de Sondagë gefall. Fir d'Angela Merkel ass dat natierlech interessant - wat de Koalitiounspartner méi schwaach, wat besser fir eng CDU - déi souguer mat der eegener Schwësterpartei aus Bayern reegelméisseg uneckt. Och fir déi Gréng wier eng Koalitioun interessant - d'Partei riskéiert an d'Irrelevanz ze rutschen. Genee dowéinst ass et gutt méiglech, datt se - trotzt Dieselskandal a Flüchtlingspolitik - alles dofir maachen, op d'mannst a Koalitiounsverhandlungen ze kommen.

Vläicht kënnt et awer och ganz anescht. D'Angela Merkel huet just d'AfD an Die Linke als Koalitiounspartner ausgeschloss - net d'SPD. De Martin Schulz ass awer ugetrueden, fir der Grousser Koalitioun en Ënn ze setzen a fir selwer Kanzler ze ginn. Déi nächst Woche musse weisen, ob d'SPD dann och wierklech staark genuch ass, de Wee an d'Oppositioun unzetrieden, wa si d'Wahle verléieren. Déi Kraaft huet ee beim Debat vun e Sonndeg allerdéngs net gespuert.

Bäitragplay_arrow