De François Fillion huet seng Campagne op Wäerter wéi Integritéit opgebaut. Nodeems d'Press iwwert ee presuméierte fiktive Poste vu senger Fra bericht hat, sot de republikanesche Kandidat, wann hien ugeklot géif ginn, géing hie sech zréckzéien. Ugeklot gouf hie mëttlerweil, zréckgezunn huet hie sech net.
D'Attack ass déi bescht Verdeedegung?
Hie seet, et wier e politesche Mord, deen orchestréiert gëtt vu subjektive Medien a vun enger Justiz ouni Onofhängegkeet. En Donneschdeg huet de François Fillon op der Tëleeschaîne "France 2" vun engem Staatsskandal geschwat: De President François Hollande géif d'Justizenquête beaflossen. Den Auteur vun engem Buch, op dat de François Hollande sech fir seng Ausso beruff huet, huet direkt dono widdersprach: Esou eppes hätt hien ni geschriwwen, esou den Didier Haasoux.
Mam benotze vu sou Verschwörungstheorië gräift den LR-Kandidat op typesch rietspopulistesch Taktiken zréck. Hie stellt seng Siicht als eenzeg Wourecht duer, andeems hien demokratesch Institutioune wéi d'Justiz, d'Medien an d'Regierung diskreditéiert. Ähnlech huet den Donald Trump dat während senger Campagne an den USA gemaach.
An engem Communiqué hat de franséische Justizministère de 24. Mäerz ënnerstrach, datt de François Fillon zënter fënnef Joer systematesch all Gesetzesinitiativ fir méi eng grouss Onofhängegkeet vun der Justiz a fir d'Transparenz vun der Politik boykottéiert hätt.
Ee klassesche Populist
Den LR-Kandidat stellt sech an dat franséischt Vollek als Affer vum System duer. Dobäi huet hie sech souguer mam fréiere Premier Pierre Bérégovoy verglach, dee sech no engem Skandal am Joer 1993 ëmbruecht huet. D'Schrëftstellerin Christine Angot nennt dat e Suizide-Chantage.
Wann de François Fillon awer zum Beispill mam Thema vun den héije Selbsmord-Tauxen am Gesondheetssecteur confrontéiert gëtt, äntwert hien, dat wier eng ideologesch Debatt. D'Fransouse wiere géint méi Moyene fir dëse Secteur. De François Fillon plaidéiert fir Spuermesuren an eng Reduktioun vun der Staatsschold.
Well hien d'Primaire vun de Republikaner gewonnen huet stellt de konservative Politiker sech duer, wéi wann all d'Fransouse mat him averstane wieren. De Problem ass, datt hien domat, wéi vill aner Populisten, net just d'Wieler vun aneren Parteien ignoréiert, mee och d'Faiten u sech.