Radioen

On air

De Moien  |  Curtis Mayfield - Move On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng getrennte Schoulklasse méi

Educatioun

Keng getrennte Schoulklasse méi

Vun haut u leeft de Schoulbetrib nees mat den normale Klassen. D'Schüler sinn also net méi an A/B-Gruppen agedeelt. Elo, nëmmen zwou Woche virun der grousser Vakanz, nees op den normale Schoulbetrib iwwerzegoen, ass awer ëmstridden. Proffegewerkschaften an och Lycée-Direkteren hu Bedenke geäussert - souwuel wat d'Organisatioun ugeet, wéi och déi sanitär Situatioun.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / nestea06

Wéi virun e puer Wochen d'Klassen hu missen opgedeelt ginn, wier dat e groussen Defi fir d'Schoule gewiescht, esou d'Proffegewerkschaft Féduse-Enseignement. Wann elo nees d'Klassen zesummekommen, da wier dat déi véiert Re-Organisatioun dëst Joer, seet hire President Raoul Scholtes. Dat wier pedagogesch net sënnvoll, an de Risiko fir sech unzestieche wier däitlech méi héich, wann ee Proff mat bis zu 30 Schüler an engem Sall ass.

Et hätt een als Gewerkschaft e puer Videokonferenze mam Educatiounsministère gehat. De Raoul Scholtes vun der Féduse wéisst sech awer enttäuscht, datt keng vun den eegene Proposen zeréckbehale gi wier.

Manner organisatoresch Problemer, mee gesondheetlech a sanitär Bedenken äussert den Henri Trauffler, Direkter vum Lycée zu Iechternach. An de meeschte Säll am Iechternacher Lycée wier et net méiglech de Sécherheetsofstand vun zwee Meter anzehalen.

"An de Ministère seet eis: 'le port du masque à l'interieur des classes est facultatif'. Also do sëtzt een net fënnef Stonne mat engem Mask, dat geet bal net. Mir hunn och eng Partie Säll mat Plexi-Glas-Scheiwen ekipéiert. Dat hëlleft och schonn, mee pedagogesch ass dat net ëmmer esou evident."

Den Direkter vun der Akerbauschoul zu Ettelbréck, den Tom Delles, mécht sech Suergen, datt vulnerabel Schüler a Proffen, déi bis ewell awer komm si well d'Sécherheetsdistanz konnt agehale ginn, elo Angscht kréien.

"Ech muss soen, ech hunn do och schonn eenzel Fäll, souwuel Personal wéi Schüler, déi mir déi do Iwwerleeung matgedeelt hunn a gesot hunn, si géingen dann op hire Certificat zeréckgräife fir net méi ze kommen, well si Angscht hunn."

Zu Iechternach am Lycée wiere vulnerabel Persounen bis ewell net an d'Schoul komm a géifen dat och net déi kommend Wochen maachen, erkläert den Direkter Henri Trauffler.

Educatiounsministère: Nach ze fréi fir Mesurë fir d'Rentrée festzehalen

De Simulatioune vun de Wëssenschaftler aus der Covid-Taskforce no huet et nëmmen e geréngen Effekt, wann elo zwou Woche laang d'Klassen nees zesummegeluecht ginn. Méi laangfristeg hätten ongedeelte Klassen awer e groussen Impakt op d'Verbreedung vum Virus, zemools wann d'Distanzen net agehale ginn, a kee Contact Tracing gemaach gëtt.

Fir de Premier Conseiller aus dem Educatiounsministère Lex Folscheid wier et elo awer ze fréi fir eventuell Mesurë fir d'Rentrée am September festzehalen. De Ministère géif awer feststellen, datt Jonker an Erwuessener an der Reegel ausserhalb vun der Schoul ugestach ginn.

De Lex Folscheid betount och, datt d'Andeelung an d'A/B-Gruppe just eng vu méi Mesurë war. Esou géife weiderhin déi gängeg Hygiènesmesurë gëllen, wéi zum Beispill reegelméissegt Hännwäschen. Hei géif ee souwuel d'Personal, wéi och d'Schüler weiderhi sensibiliséieren.

Bis elo ganz wéineg Infektiounen bannent enger Klass

Fir eng Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen, kënnt et de Wëssenschaftler vun der Taskforce no och drop un, wat gemaach gëtt, wann ee Schüler positiv op de Virus getest gëtt. Zu Iechternach hätt ee bis elo kee Fall gehat, seet den Direkter Henri Trauffler. Wann et awer dozou kéim, misst dee betraffene Schüler sech bei der Direktioun mellen, déi dann déi néideg Schrëtt géif an d'Weeër leeden. D'Matschüler géifen informéiert ginn, an de Schüler misst 14 Deeg a Quarantän.

De Lex Folscheid betount och, datt an deene Fäll d'Santésdirektioun zoustänneg ass, an decidéiere muss, wat mat deenen anere Schüler geschitt. An der Praxis wiere bis elo ëmmer all d'Matschüler getest ginn. Dobäi wieren nëmme ganz wéineg positiv Resultater erauskomm, esou nach de Premier Conseiller vum Educatiounsministère.