Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun e Méindeg un: Maximal 90 km/h op A1 an A6

Autobunnen

Vun e Méindeg un: Maximal 90 km/h op A1 an A6

Op den Autobunnen A6 an A1 gëtt vun e Méindeg un d'Vitess wärend de Stousszäite moies nees op maximal 90 Kilometer an der Stonn limitéiert, deelen d'Ponts et Chaussées mat.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / CreativeNaturePhotography

Dat gëllt da vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz zu Sterpenich, bis op den Echangeur Kierchbierg.

Dat wier elo nees ageféiert ginn, well den Trafic zougeholl an nees "normal" Niveauen erreecht hätt. Duerch d'Vitess-Limitatioun géif den Trafic méi flësseg a méi sécher ginn. Dat hätt ee gesinn, wéi dës Mesure zejoert schonn ageféiert gi war, esou d'Ponts et Chaussées.