Well déi ekonomesch Situatioun am Moment vill Leit an d'Laberente bréngt, hir Grondbedierfnisser wéi d'Wunnen ze finanzéieren, wollt d'Regierung vum éischte Januar u fir dräi Méint all Ausweisung vu Locatairë stoppen. Och wann e Geriicht schonn decidéiert hat, datt de Locataire eraus misst, hätt de Proprietär vun der Wunneng bis den éischten Abrëll waarde missen, éier hien dat Urteel kéint vollstrecke loossen.
Esou einfach war de Projet deen de Justizministère ausgeschafft hat an dee vun enger grousser Majoritéit vun de Parteien an der Chamber ënnerstëtzt gouf. Bis de Staatsrot den 13. Dezember deem e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet andeems déi sougenannten héich Kierperschaft eng opposition formelle zu dësem Plang ugekënnegt huet.
Dat wier en onverhältnesméissegen Agrëff an d'Grondrecht vun de Proprietären. Dofir misst all Locataire fir d'éischt eng entspriechend Demande viru Geriicht maachen an dobäi beweisen, datt hien ouni eegent Verscholde keng nei Wunneng fonnt huet. Desweidere kéint de Moratoire net spillen, wann de Mietkontrakt gekënnegt gouf, well de Locataire d'Wunneng beschiedegt hat, oder wann de Proprietär se selwer benotze wëllt.
Ontransparent Institutioun
Zwar kann d'Chamber am Prinzip eng opposition formelle vum Staatsrot ëmgoen, wa si eng zweete Kéier iwwert en Text ofstëmmt. Dofir war hei awer nom Avis keng Zäit méi, well de Moratoire jo schonn den éischte Januar sollt a Kraaft trieden an de Staatsrot bis den 13. Dezember gewaart hat fir säin Avis ofzeginn.
Esou blouf just d'Wiel tëschent Pescht a Cholera: engem ofgeschwächten Text vun deem net vill Locatairen dierfte profitéieren oder guer kengem Moratoire.
Ob de Staatsrot säin Avis bewosst esou kuerz viru Schluss ofginn huet an d'Chamber esou virun en Fait accompli gestallt gouf, wäerte mir wuel net gewuer ginn. Dofir huet dës Institutioun sech ze vill d'Vertraulechkeet op hier Fändele geschriwwen. Weder d'Nimm vun den Auteure vum Avis nach d'Diskussioune ronderëm den Text gi bekannt gemaach.
An dësem Fall huet de Staatsrot d'Gesetz selwer geschriwwen
Egal wéi bleift awer den Androck, datt déi gewielte Vertrieder vun der Chamber hier Grenze gewise krute vun enger Institutioun, déi zu genau deem Zweck an d'Liewe geruff gouf. Wéi 1848 eng libertär Verfassung mat méi Rechter fir d'Parlament a Kraaft getrueden ass, koum et sechs Joer duerno zu engem Putsch duerch de Grand-Duc Guillaume den III., deen der Chamber eng Tutelle opgezwongen huet a Form vum Staatsrot.
Zwar gouf dës Tutelle am Laf vun de Jore méi labber, mee de Prinzip ass bliwwen. All Gesetz muss vum Staatsrot aviséiert ginn an duerch d'Waff vun der opposition formelle kënnen d'Conseilleren Afloss op den Inhalt vun den Texter ausüben. An Ausnamefäll, wéi elo bei dem Moratoire vun den Expulsiounen, ass et dann esouguer de Staatsrot selwer, deen d'Gesetz schreift, well d'Chamber huet an der Nout genau deen Text gestëmmt, deen déi anonym Conseillere proposéiert haten.
Dat ondemokratescht Organ wäert wuel nach weider bestoe bleiwen
D'Membere vum Staatsrot sinn net gewielt, mee ginn nom System "dir een, mir een" vun de jeeweilege politesche Parteie proposéiert. Net all Partei gëtt dobäi berécksiichtegt an déi déi kee Conseiller ofkréien, kritiséieren d'Zesummesetzung vun dësem Organ als ondemokratesch. Leider vergiessen déi Parteien an der Reegel dës Kritik, wa si selwer un der Rei sinn an endlech och am Staatsrot e Member hunn.
Esou war et dann och keng Iwwerraschung, datt d'Funktioun vum Staatsrot an der neier Verfassung net geännert huet a mat der Vitesse wou mir zu Lëtzebuerg eis Institutioune reforméieren, wäerten dëst Organ a säin Afloss op déi parlamentaresch Aarbecht wuel och nach déi nächste Joerzengten erhale bleiwen. Aller Kritik um demokrateschen Defizit vun dësem Relikt aus vergaangener Zäit zum Trotz.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.