Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Kannerrechter a Marketing

Fräie Mikro

Vu Kannerrechter a Marketing

Lëtzebuerg ass Kandidat fir e Sëtz am Mënscherechtsrot vun der UNO. An der Präsentatioun fir dës Kandidatur ginn d'Rechter vum Kand als eng vun de Prioritéite vun eisem Land duergestallt. Wann et awer hei am Land drëms geet dës Rechter konkret ze stäerken, ass dës vermeintlech Prioritéit heiansdo just Makulatur, fënnt den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

De Frank Wies. Foto: Archiv

Dat nächst Joer wëll Lëtzebuerg e Sëtz am Mënscherechtsrot vun der UNO kréien. Dëst ass en Organ vun de Vereenten Natiounen an deem Vertrieder vu 47 Staaten setzen an dat d'Promotioun an d'Protektioun vun de Grondrechter esou wéi d'Bekämpfe vu Verstéiss dogéint zum Ziel huet. Et ass d'UNO-Vollversammlung, déi an engem geheime Vott decidéiert, wéi eng Staaten fir zwee Joer an deem Rot vertruede sinn.

Prioritéite vum Grand-Duché

Fir bei dëse Walen eng Chance ze hunn muss een, wéi iwwerall, Reklamm fir sech maachen an d'Braut an engem gudde Liicht erschénge loossen. Eis Regierung a speziell den Ausseministère hunn dofir schonns zanter Wochen eng Campagne gestart, fir dem Grand-Duché seng Prioritéiten an d'Vitrinn ze stellen.

Eng vun de véier Prioritéite wieren dobäi d'Rechter vun de Kanner. Déi aktuell Pandemie hätt ob en neits gewisen, wéi wichteg et wier op d'Kanner ze lauschteren an hire Besoine Rechnung ze droen. Aus dem Grond hätt Lëtzebuerg och aktiv am Kader vun der UNICEF un der Deklaratioun "Protéger nos enfants" matgeschafft. Dëst ass en Aktiounsplang fir d'Rechter vun de Kanner ze stäerken an deem et ënner anerem heescht, datt besonnesch déi geeschteg Gesondheet vun deene Klengste muss beschützt ginn.

Wien géif dem widderspriechen? An et gleeft een dem Minister Asselborn och gären, datt hien sech fir dëst an déi aner Ziler vun der Lëtzebuerger Kandidatur mat Iwwerzeegung perséinlech engagéiert, esou wéi hien et an der rezenter Campagne ënnerstrach huet.

Abschiebehaft vu Mannerjäregen

Och aner politesch Acteure suergen sech ëm d'Rechter vun de Kanner an dëst speziell vun deenen, déi eleng oder mat hiren Eltere kee Recht kritt hunn, zu Lëtzebuerg ze bleiwen an dofir d'Land nees musse verloossen. Am Fall wou si dat net akzeptéieren, kënnen se laut dem Immigratiounsgesetz fir eng Dauer vu bis zu siwen Deeg um Findel am Centre de Rétention agespaart gi fir hir Ausweisung ze erméiglechen.

Am Juli vum leschte Joer haten Déi Lénk an der Chamber eng Proposition de loi abruecht, déi zum Zil huet, d'Abschiebehaft vu Mannerjäregen am Centre de rétention ze verbidden. Mam Verweis op d'Kannerrechtskonventioun, déi och Lëtzebuerg ratifizéiert huet, an der Positioun vun internationalen Organisatiounen, datt eng Retentioun a jiddwer Fall eng Verletzung vun de Rechter vu Kanner wier.

Esou huet zum Beispill UNICEF am November 2019 déi franséisch Regierung zu Paräis opgeruff, dës Praxis ze stoppen a keng Mannerjäreg méi wéinst de feelende Pabeiere vun hiren Elteren anzespären. Schonns 2012 goufen all d'Länner vun der Welt vum UNO-Kommitee fir d'Rechter vum Kand opgefuerdert, keng Kanner anzespären, well dat ëmmer eng Verletzung vun hire Rechter wier an ni an hirem beschten Interêt.

Et konnt en also gespaant sinn, wéi d'Regierung sech par rapport zu der Proposition de loi géif positionéieren, déi am Aklang mat dësen internationalen Organisatiounen d'Retentioun vu Mannerjärege soll ënnerbannen. An hirer Prise de position vu leschte Mount gouf sech elo géint dës Initiativ ausgeschwat.

Pure Marketing?

Wann ee villäicht nach politesch novollzéie kann, datt eng Regierung nëmme schwéier iwwer hire Schied spréngt, fir der Oppositioun Recht ze ginn an eng vun hire Propositiounen unzehuelen, esou maachen een awer d'Argumenter déi dofir benotzt ginn nodenklech.

D'Retentioun vu Mineure gëtt hei als onvermeidbar duergestallt, wann deenen hier Famillje kategoresch refuséiere fräiwëlleg heem ze goen. Datt een esou Kanner fir d'Stuerheet vun hiren Eltere bestrooft gëtt mat kenger Zeil erwäänt.

Am Géigendeel, d'Regierung behaapt esou guer, d'Aspäre vu Mineure misst eng Optioun bleiwen, fir de Fall wou de Retour an d'Heemecht bei seng Famill am Intérêt supérieur vum Kand wier. Fir engem Kand eppes Guddes ze doen, misst him also fir d'éischt emol seng Fräiheet ewech geholl ginn? Dobäi si sech Kannerpsychologe mat dem UNO-Kommitee eens, datt d'Retentioun ni am Interêt vum Kand ass.

Bei esou enger Argumentatioun muss ee sech froen, wéi eescht et gemengt ass, wann eis Regierung sech hiren Asaz fir d'Kannerrechter op de Fändel schreift fir an de Mënscherechtsrot vun der UNO ze kommen. Wann dëst net pure Marketing soll bleiwen, da géing et héich Zäit ginn, dat 8-Joer-aalt Versprieche vu spezifesche Strukture fir Mannerjäreg ze erfëllen an hinnen esou de Wee an de Centre de rétention ze erspueren.


Den Auteur vun dësem Fräie Mikro plädéiert selwer vill Affären am Beräich vun der Immigratioun.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.