Radioen

On air

Notturno  |  Laraaji - I Can Only Bliss Out (F'Days)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Fräiheet a Fräiheeten

Fräie Mikro

Vu Fräiheet a Fräiheeten

Obscho se gemaach si fir eis Gesellschaft ze schützen, beschneiden d'Covid-Mesuren eis Fräiheeten. Allerdéngs ass en Deel vun deem, wat verschiddener als Verloscht vu Fräiheete verstinn, e Restaurantsbesuch zum Beispill, fir anerer ni eng Realitéit gewiescht. E Fräie Mikro vum Frank Schroeder, Direkter vum Resistenzmusée zu Esch.

auto_stories

4 min

Als Europäer genéisse mir zënter Joerzingte vill Fräiheeten - dacks ouni eis dees wierklech bewosst ze sinn, an ouni et wäertzeschätzen. E Groussdeel vun eis hunn et ni anescht kannt. A ville Situatioune stinn eis ënnerschiddlech Méiglechkeeten op, a mir hunn d'Recht, Entscheedungen ze treffen. Pressefräiheet, Meenungsfräiheet, a fräi Meenungsäusserung - natierlech ëmmer am Respekt vun de Gesetzer - sinn zu Lëtzebuerg keng eidel Wierder. Oder Beweegungsfräiheet: Virun der Pandemie konnt ee beispillsweis mat engem Lëtzebuerger Pass, an ouni Visa, ganz vill Länner op der Welt bereesen. Corona huet eis e Stréch duerch villes gemaach. An tatsächlech, elo, wou verschidde Fräiheeten zäitweileg ageschränkt sinn, fänke verschidde Leit un ze mierken, wat se wäert sinn.

Ouni Reegelen, Gesetzer a Verbueter funktionéiert keng Gesellschaft

A Fräiheet ze liewen huet ni geheescht, ouni Reegelen ze liewen. Och an engem fräie Land huet de Bierger Flichten. Ouni Reegelen, Gesetzer a Verbueter funktionéiert keng Gesellschaft. Eng Maskepflicht oder enger limitéiert Ausgangsspär hunn net als Ziel, eis ze drangsaléieren an eis Fräiheeten ze huelen. All déi, déi an deene Mesuren d'Aktioune vun enger méi oder manner verstoppten "Diktatur" gesinn, hu weder d'Definitioun vun deem Begrëff verstanen, nach de Sënn vum Wuert "Fräiheet". Mir verléieren eis Rechter net wéinst engem Stéck Stoff virum Mond, grad sou wéineg wéi duerch Helm- oder Gurtpflicht, oder eng Vitesslimitatioun. Et handelt sech ëm temporär Mesuren, déi prinzipiell do si fir eis Gesellschaft ze schützen, a jiddwer Eenzele vun eis. Natierlech muss een en A drop halen, datt d'Regierung net profitéiert fir eis dauerhaft ze kontrolléieren an d'Mënscherechter anzeschränken. An natierlech ginn et Länner wou Regierunge vun der Pandemie profitéiere fir hier Muecht op Käschte vun de Leit ze stäerken. Och wann ech net all Entscheedung vun der Regierung ka novollzéien, sinn ech awer iwwerzeegt dass dat zu Lëtzebuerg net passéiert.

Paradoxt Verhale vun engem Deel vun der Populatioun

Et ass eng schwéier Zäit, a vill Leit leide wéinst den ageschränkte soziale Kontakter, sinn einsam oder depressiv, fäerten ëm hiert Akommes an hire Job. Natierlech wënsche mir eis all d'Normalitéit vu virdrun zeréck, an eis Fräiheeten - an ech setzen de Begrëff elo absichtlech ënner Gänseféisercher. Well mir mussen eis bewosst sinn, datt op mannst en Deel vun deem, wat verschiddener als Verloscht vu Fräiheete verstinn - an de Restaurant ze goen oder an de Wantersport ze fueren - fir aner Matbierger ni eng Realitéit war. Leit oder Familljen déi an engem sozial schwierege Situatioun sinn, mat niddregem Akommes an ouni dezent Wunneng, hu vill vun deene Fräiheeten ni gehat. An Aarmut a Prekaritéit wäerten duerch de Covid wieder eropgoen. Och no der Pandemie wäerten der vill déi Fräiheeten net hunn.

Et fält op datt en Deel vun eisen europäesche Bevëlkerungen - dorënner och Covid-leugner - op där enger Säit hier Fräiheete mat alle Mëttele wëlle verteidegen, op där anerer Säit awer politesch Stréimungen ënnerstëtzen, déi d'Ziel hunn, op mannst engem Deel vun der Populatioun hier Rechter ze beschneiden. Wann a rezenten Ëmfroen iwwer déi franséisch Presidentiellen d'nächst Joer de Macron an d'Le Pen am 2. Tour bal op Aenhéicht sinn, seet dat vill aus iwwert d'Entwécklung, déi eis Gesellschaft mécht: Nationalismus an Haass amplaz vu Mënscherechter a Wäerter wéi Solidaritéit oder Empathie. Exklusioun amplaz vu Gläichberechtegung an Acceptanz vu Minoritéiten, Migranten an der LGBT+ Communautéit.

Fräiheet ass eng wäertvoll Errongenschaft. Mee nëmme wann se fir jiddereen ass!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.