Radioen

On air

De Moien  |  Blonde Redhead - Before

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Volleksetymologien a Flouernimm

KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH

Volleksetymologien a Flouernimm

An enger Zäit virun Handyen, GPSen a Kaarten waren d'Flouernimm, dat eenzegt, wat een hat, fir eng Plaz erëmzefannen. Dat mécht d'Nimm zu engem oralen Kommunikatiounssystem vum an am ländleche Raum.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Haut geet et nees ëm d'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch, dës Kéier erëm mam Sam Mersch, Sproochhistoriker beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Weess de wat Sam? Haut ass déi 80. Episod vun de Kuriositéiten.

Sam Mersch: Jo du hues Recht. Am September 2019 huet d'Caroline ugefaang mat enger Emissioun iwwer d'Pronome si an hatt an elo si mer bei der Episod 80.

Wann ech mech richteg erënneren, wollts de eis haut eppes iwwer Volleksetymologien a Flouernimm erzielen.

Dat kann ech gäre maachen, mee da fänke mer méi allgemeng mat de Flouernimm un. Kanns du mir soen, wat Flouernimm sinn?

Ma, et sinn Nimm vu Plazen, oder?

Jo. Mee als alleréischt sinn se e Kommunikatiounssystem.

E Kommunikatiounssystem? Wéi dann dat?

Et gëtt ëmmer e Grond, firwat datt eng Plaz benannt gëtt. An dee Grond huet an dësem Fall direkt eppes mam Ëmgang vum Mënsch mat der Natur ze dinn, a virun allem och wéi de Mënsch d'Natur empfënnt.

Jo, mee wat huet dat da mat Kommunikatioun ze dinn?

En Numm kann nëmmen dann eng Referenz op eng Plaz hunn, wann et och unerkannt ass, datt et en Numm ass, a wann aner Leit den Numm erëmerkennen an domadden och e Bezuch zur Plaz kënne maachen, déi benannt ass. Sou banal, wéi et kléngt, mee dat mécht d'Flouernimm zu engem orale Kommunikatiounssystem vum an am ländleche Raum.

Okay a wisou brauch een dat?

D'Flouernimm sinn zum Deel zimmlech al, zum Deel manner, mee de System vun der Benennung vum Raum geet wäit an eng Zäit zeréck, an där et keng Handyen, GPSen a Kaarte gouf. D'Flouernimm waren deemno dat eenzegt, wat een hat, fir eng Plaz erëmzefannen. Dat war esou wichteg, datt d'Flouernimm och an offiziellen Akten als Referenz benotzt gi sinn.

A, dat wosst ech net. Ech gesinn... Du sos elo, datt verschidde Flouernimm méi al sinn an anerer méi jonk. Ech ka mech erënneren, datt s du virun e puer Méint iwwert d'Kockelscheier geschwat hues an datt dësen Numm aus der Industrialiséierung kënnt.

Also de Wuertdeel Kock bezeechent Kuelen, an d'Wuert kënnt aus dem Engleschen an ass mat de Praktike vun der fréierer Industrialiséierung matgeléint ginn.

Jo, dat ass jo awer schonn al fir esou e Flouernumm, oder?

Also, et ass net där jéngster een, mee en ass definitiv och net ee vun deenen eelsten. Ech hat jo och scho vum Kiem geschwat, vum aus dem Laténgesche cammino, wat och eppes mam franséische Wuert chemin ze dinn huet. Dëst Wiertche cammino kënnt ursprénglech awer aus dem Galleschen, also dem Kelteschen. Do si mer awer och scho bei där eelster Schicht, wat een och doru gesäit, datt se nach net germanesch ass.

A wat gouf et dann twëschent deene ganz alen an deene ganz neien?

Do kommen als éischt nach déi Nimm, déi op dat sou genanntent Muselromanescht hiweisen.

Muselromanesch? Wat ass dat dann?

Dat ass eng romanesch Varietéit, déi och vum Laténgeschen ofstaamt, a ganz no mam Alfranséische Famill ass. Et ass awer esou, datt et keng Texter vum Muselromanesche gëtt. Déi Sprooch konnt bis ewell nëmmen aus Nimm rekonstruéiert ginn. Et gesäit een un deenen Nimm alt, datt et kee Latäin méi war, mee och kee Franséisch. An dës Varietéit ass bis ewell nëmmen an eiser Géigend fonnt ginn, ronderëm de lëtzebuergeschen, mee och den däitschen an de franséischen Deel vun der Musel.

A wat stécht dovunner an den Nimm?

Virun allem Saachen aus der Wënzersprooch. Do gëtt et de Plenter zum Beispill, ënnert anerem zu Wuermer an zu Réimech, wat en nei ugeplanzte Wéngert bezeechent huet. Oder Ollek, ënnert anerem zu Siren, zu Rouspert an zu Rëmerschen. Obwuel dat prinzipiell einfach nëmme Plaze bezeechent, wou eppes gutt wiisst, sou kënnt d'Wuert dach ëmmer an der Géigend vun ale Wéngerte vir, an dat net nëmme bei eis.

Interessant ass do nach d'Etymologie vun der Uertschaft Kaalmes. 1317 ass d'Uertschaft mam Numm Kalmunze an engem historeschen Dokument ze fannen. Dat kann een dann aus engem calvus mons, also engem plakege Bierg, hierleeden. Och hei gëtt ugeholl, datt den Numm eventuell muselromanesch ass.

Heescht dat dann, datt et däers Muselromanesches do vill gëtt, bei eis an de Flouernimm?

Ech géing net vu vill schwätzen, éischter dovun, datt et dat just bei eis an der Ëmgéigend gëtt. Déi meescht vun eise Flouernimm hunn awer eng germanesch Etymologie, well d'Lëtzebuergescht jo och eng germanesch Sprooch ass.

Sees de eis där dann nach e puer?

Gären eng aner Kéier. D'nächst Kéier, wann et u mir ass, schwätzen ech doriwwer, wéi d'Lëtzebuergescht an d'Germanescht erapasst, a vläicht fannen ech do eng Plaz dofir. Soss sief nach gesot, datt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch am Joer 2022 wëlles huet, nach méi mat de Flouernimm ze maachen, esou datt et e Grond gëtt, sech ze freeën!