Viviane Reding wëll Mandat am Europaparlament unhuelen

D’Viviane Reding wëll hir Demissioun als EU-Kommissärin bekannt gi wann de Jean-Claude Juncker als President vun der EU-Kommissioun virgeschloe gëtt. Dat seet hier Pressespriecherin op Nofro hin.

An der Europäescher Vollekspartei huet d’Viviane Reding kloer gemaach, datt si d’nächst Woch an d’Europaparlament wiesselt. Si géif Delegatiounscheffin gi vun den 3 CSV-Europadeputéiert. Si hätt an der EVP och als Vizepresidentin vum Europaparlament kandidéiert, wier awer net gewielt ginn.

Bis de Méindeg 30. Juni muss d'Viviane Reding matdeelen, ob si als EU-Kommissärin demissionéiert fir d'Mandat zu Stroossbuerg unzehuelen. Mécht se dat net, bleift se bis den 31. Oktober EU-Kommissärin, verléiert awer hiert Mandat am Europaparlament.

Wann de Jean-Claude Juncker de Mëtteg um EU-Sommet designéierte Kommissiounspresident gëtt, wëll d’Regierung eisen Informatiounen no fir déi nächst véier Méint en Interims-Kommissär op Bréissel schécken. De Jean-Claude Juncker kënnt als designéierte President net a Fro.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen