Viviane Reding: "Ech iwwerhuele keng Lobbyaarbecht"

Dat sot si de Moien am 100,7-Interview. Di fréier EU-Kommissärin an aktuell Europadeputéiert huet Mandater ugeholl am Verwaltungsrot vum belsche Minière- a Metallveraarbechtungskonzern NYRSTAR an am Conseil de Surveillance vun der BERTELSMANN-Stëftung. Dee Wiessel entsprécht dem Code de bonne conduite vun der EU-Kommissioun, sou d’Vivane Reding.

D’Fro, ob se hiert Deputéierte-Mandat elo géif weiderféieren, huet d’CSV-Politikerin als “Zitat” blöd Fro” bezeechent. Hire Passage an d’Privatwirtschaft wier e normale Parcours. Si géif dowéinst d’Opreegung net verstoen.

Sollt se bei engem Vote an en Interessekonflikt geroden, da wéilt se sech als befaangen erklären. Nieft den zwee genannte Mandater hätt d’Viviane Reding iwwregens vill Propose gemeet kritt.

Hei de Bäitrag vum Michel Delage:

 

Hei den Interview vum Michel Delage mam Viviane Reding:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen