Radioen

On air

Notturno  |  Ben Sloan - Philistine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Visitt am Impfzenter

Corona-Pandemie

Op Visitt am Impfzenter

Bannent zwou Woche gouf um Lampertsbierg den Impfzenter fir d'Covid-19-Vaccinen opgebaut. Ronn 110 Mataarbechter sinn néideg, fir wann den Zenter bis op Héichtoure leeft 7.500 Patiente pro Woch ze impfen. Nach ass et net esou wäit, Enn Dezember geet den Impfzenter zwar fir dräi Deeg op, mee eréischt Mëtt Januar soll et mat der grousser Impfcampagne an der Victor Hugo Hal lassgoen.

auto_stories

3 min

Am Agang presentéieren d'Leit hire Rendezvous a kréien d'sanitär Reegelen erkläert.

De Luc Feller, Haut Commissaire à la Protection Nationale rechent domat, datt am Januar 6.000 Leit kënne geimpft ginn. Wéi et dono weider geet, hänkt dovun of, wéi vill Impfstoff wéini geliwwert gëtt. Et misst een drun denken, datt jiddereen zwee Mol misst geimpft ginn.

Et kéint een ab engem Moment da wuel 1.600 Patiente pro Dag an der Victor Hugo Hal impfen, mee, d'Objektiv wier et, déi Zuel nach eropzeschrauwen.

Zwee Impf-Rendezvouse beieneen

An enger éischter Phase sollen Dokteren, Aide-soignanten extra-hospitalier, awer och d'Personal aus Alters- a Fleegeheemer geimpft ginn. Fir d'Rendezvousen ze geréiere wier et wichteg, datt d'Impfungen op Invitatioune gemaach ginn. Sou kéint eng Previsibilitéit garantéiert ginn, esou de Luc Feller. Et kritt een direkt zwee Rendezvousen opgeschriwwen, déi jeeweils 21 oder 28 Deeg ausernee leien.

60 Stonnen an der Woch soll den Impfzenter opsinn. Dofir bräicht een eng 110 Leit, déi op zwou Schichte schaffen. D'Réserve sanitaire vun der Cellule de Crise hat een Opruff gemaach. De Commissaire à la protection national ass iwwerzeegt, datt bis d'Ouverture genuch Leit wäerten disponibel sinn. Elo schonn hätten iwwer 200 Doktere sech gemellt. Dee gréisste Challenge wäert et ginn, genuch Infirmieren ze fannen.

Am groussen Impfsall

D'Patiente komme fir d'éischt an eng vun de Waardenzonen. Beamte vun der Gemeng, déi eng Co-Responsabilitéit mam Staat fir d'Fonctionement vum Impfzenter iwwerhëlt, geréiert d'Orientéierung vun de Leit.

Wann de Patient opgeruff gëtt, kënnt en an eng vun de 16 Kabinnen. An all Kabinn wäerte Luuchten installéiert ginn, fir unzeweisen ob d'Kabinn besat ass.

Den Dokter scannt dann op sengem Laptop d'Carte de sécurité sociale vum Patient, vu wou aus dann de Patientefichier opgeet an den Dokter seng Froe ka stellen. Den Infirmier huet do hänken wéi de Vaccin ze benotzen ass.

No der Impfung kennen d'Leit sech dann an enger Zone ausrouen. Et wéilt een awer net, datt d'Leit sech ze vill kräizen, esou de Luc Feller.

Tëschent de Kabinnen da stinn d'Frigoe wou de Vaccin dran ass.

Wéi gëtt den Impfstoff gelagert?

Den Impfstoff gëtt op eng zentral Plaz oder an d'Spideeler zu Lëtzebuerg geliwwert, wou Frigoen installéiert sinn, déi den Impfstoff bei minus 80 Grad hale kënnen. De Luc Feller erkläert, datt een, soubal den Impfstoff entdeet ass, en sech nach fënnef Deeg bei 2 bis 8 Grad hält. Den Impfzenter géif all Owend eng nei Commande maachen, d'Gefierer déi den Transport assuréieren wieren och mat Frigidairen equipéiert. Am Impfzenter selwer kënnt den Impfstoff och an Frigidairen.

No der Impfung soll dann och bei all Patient e Suivi gemaach ginn. D'Patiente kréien ënner anerem en Ziedel, op deem méiglech Niewewierkungen drop stinn.