Virwat ass "gouvernement.lu" op Serveren vun Amazon hébergéiert?

Den erneierten Internetsite vun der Regierung gouvernement.lu benotzt zënter dem 5. Dezember Cloud-Servicer vun Amazon an Irland. Et gëtt awer kee Kontrakt tëscht der lëtzebuerger Regierung an dem US-Amerikaneschen Internetkonzern: d’Regierung lount Serveren bei Infopark, enger Sociétéit déi mat Amazon zesumme schafft. Infopark liwwert schon zënter 2002 de redaktionelle System (de sougenannte Content Management System) fir gouvernement.lu. 2010 huet d'Regierung decidéiert fir de Portail z'erneieren an auszebauen: deen Ament goufen am Ganze 7 Offeren fir Cloud-Servicer analyséiert. De Choix wier aus Käschten- a Sécherheetsgrënn op Infopark gefall, sou de Gérard Soisson, dee beim Service Informationn et Presse (SIP) fir d'Informatiounssystemer zoustänneg ass.

Aus Perspektiv vum Dateschutz géife sech iwwerdeems prinzipiell keng Problemer stellen, well just ëffentlech Informatiounen um Amazon-Server hébergéiert sinn. Iwwerdeems gëtt envisagéiert, fir den Internetoptrëtt vun der Regierung ze vereenheetlechen an exklusiv op d'Infrastrukturen vum staatleche Technologie- an Informatiounscenter (CTIE), zréck ze gräifen.
ei e Schreiwes vum Service Information Presse mat detailléierten Explicatiounen iwwert de Choix vum Server.

Lauschtert de Bäitrag vum Céline Derveaux:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2013-12-27-cdx-PB07-AMAZON-SERVEREN.mp3" ][/audio]

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen