Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Interessi fir Weltraum-Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Luxembourg Space Agency

Vill Interessi fir Weltraum-Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Den Echec bei Planetary Resources ass kee Réckschlag fir de Secteur vun de Weltraum-Aktivitéite zu Lëtzebuerg, seet de Marc Serres, Direkter vun der Luxembourg Space Agency.

auto_stories

3 min

Datt et zu engem Echec bei Planetary Resources koum, ass fir de Secteur vun de Weltraumaktivitéiten zu Lëtzebuerg kee Réckschlag, seet den Direkter vun der Luxembourg Space Agency. De Marc Serres ënnersträicht, datt ee vun Ufank u wousst, datt et ee Risiko géif ginn. Dat gëllt am Allgemenge fir Start-uppen am Beräich vun der Weltraumfuerschung an Ekonomie, seet de Marc Serres.

De Lëtzebuerger Staat hat iwwer d'SNCI 12 Milliounen an d'Initiativ Planetary Resources investéiert. Mam Echec vun där Initiativ goung déi Zomm verluer. Dat wier awer kee Réckschlag, seet den Direkter vun der Luxembourg Space Agency de Marc Serres:

"Bei den Initiativen, déi mir gestart hunn, wësse mir, datt dat op laang Siicht muss geplangt ginn. Do sinn eng ganz Rei Risiken, déi domat verbonne sinn. All Start-up, déi an deem Beräich eppes ënnerhëlt, wäert och net onbedéngt reusséieren. Mir hu gemierkt, datt den Interêt fir déi Initiativen nach ëmmer ganz grouss ass. Mir hoffen eigentlech, datt nach aner Entreprisen sech hei zu Lëtzebuerg wäerten nidderloossen an hir Aktivitéiten da vu Lëtzebuerg aus entwéckelen."

Luxembourg Space Agency op Risike virbereet

"Mir sinn drop preparéiert, fir dee Risiko opzehuelen. D'Reussite vun esou Initiative wäert souwisou eréischt a fënnef bis zéng Joer kënne gemooss ginn. Mir hunn eng Politik, déi an deem Sënn scho laangfristeg kuckt. Dat heescht, mir mussen dat och duerchzéien."

D'ESA, déi europäesch Weltraumagence, huet hir Memberlänner dozou beweegt fir Weltraumgespréicher fir de Grand public ze organiséieren. Lëtzebuerg mécht mat an huet am Science Center zu Déifferdeng sechs Konferenzen organiséiert.

"Et ass ganz wichteg, datt d'Ëffentlechkeet gesäit, wat déi praktesch Applikatioune si vum Weltraum. Et gi ganz vill Leit, déi sech nach net bewosst sinn, wéi ee breede Spektrum un Aktivitéiten et am Weltall gëtt. Am Bekanntsten ass, wéinst der SES, d'Satellitteniwwerdroung vun den Televisiounsprogrammer. Während de Space Talks goung hei zu Lëtzebuerg rieds iwwer den AIS, den automateschen Identifikatiounssystem.

Dee System, deen iwwer Satellit funktionéiert, gouf entwéckelt fir Kollisiounen tëschent Schëffer ze verhënneren. Jiddwer Schëff huet ee klengen Transponder. Deen Apparat sent an empfänkt Signaler, sou datt en déi aner Schëffer ka gesinn. Eng weider Aktivitéit, déi während de Space Talks thematiséiert gouf, ass d'Seegelen am Weltall. Mat der Hëllef vun der Sonn an den Impulser vu Photone kënne riseg Seegelen a Beweegung gesat ginn. Déi Technologie wier awer nach net effizient genuch.


De ganzen Interview mam Marc Serres:

Lauschterenplay_arrow