Aus engem confidentiellen Dokument vum Finanzministère dat dem Radio 100,7 virläit, geet ervir, dass 1,5 Prozent vun de Stéit (résidents a net résidents) 33 Prozent vun der gesamter Akommessteier bezuelen. D'Dokument mam Titel Compendium sur les données statistiques des impôts luxembourgeois ass d’Grondlag fir déi vun der Regierung geplangte Steierreform.
Interessant an deem 117 Säite laangem Dokument ass virun allem d’Opschlësselung vun der Akommesverdeelung vun de Stéit fir 2016. De Previsiounen vum Finanzministère no bezuelen déi 405 räichste Stéit (déi iwwer eng Millioun Euro d’Joer verdéngen) ronn 8,5 Prozent vun der Akommessteier. Also 370 Milliounen vun den am ganzen 4 Milliarden 370 Milliounen Euro u Recetten déi iwwer déi Steier era kommen. Ronn 160 dausend Stéit dann verdéngen tëschent 0 an 20 dausend Euro d’Joer. De gréissten Deel dovunner bezilt guer keng Akommessteier.
De Baïtrag vum Gil Goebbels: