Verfassungsreform: Wat ännert sech am Justiz-Kapitel?
Am Oktober hat d'Chamber fir en Deel vun der Verfassungsreform gestëmmt. Bis den 20. Dezember hunn ageschriwwe Wieler nach Zäit, fir ee Referendum anzefuerderen. Wat ännert sech am neien Text genee?

Duerch d'Ännerungen am Justiz-Kapitel vun der Verfassung Land soll d'Onofhängegkeet vun der Justiz gestäerkt ginn.
Den neien Text seet, datt de Parquet a sengen Enquêten a Plainte fräi ass, woubäi de Justizministère d'Zoustännegkeet vun der strofrechtlecher Politik huet. Duerch dës Ännerunge soll den Afloss vun der Exekutive op d'Justiz ageschränkt ginn.
Eng weider Neierung ass d'Schafe vun engem nationale Justiz-Rot. Domat soll d'Transparenz gestäerkt ginn. Am Conseil national de la Justice si Riichter, respektiv Vertrieder vum Parquet a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft. Si sollen iwwer de Justizapparat a seng Onofhängegkeet waachen.
Déi drëtt gréisser Ännerung ass, datt d'Verfassungsgeriicht weider Zoustännegkeete kritt. Duerch e Vott mat Zwee-Drëttel-Majoritéit kann d'Chamber an Zukunft dem Verfassungsgeriicht weider Zoustännegkeeten zougestoen.
Kënnt et zu engem Referendum?
Et ass am Prinzip virgesinn, datt d'Chamber Ufank d'nächst Joer iwwer d'Verfassungsännerung ofstëmmt. D'Parlament hat den 20. Oktober schonn an engem éischte Vott majoritär dofir gestëmmt. Wa bis den 20. Dezember méi wéi 25.000 Wieler e Referendum afuerderen, gëtt den zweete Vott an der Chamber duerch e Referendum ersat.
An den nächste fënnef Wochen decidéiert sech, ob et e Referendum iwwer d'Verfassungsännerungen iwwer d'Justiz gëtt. Bis den 20. Dezember kënnen d'Wieler mat hirer Ënnerschrëft e Referendum iwwer d'Justiz-Kapitel afuerderen. D'Lëschte leien an de Gemengen aus.
Dono solle weider Verfassungs-Kapitele moderniséiert ginn. Dobäi geet et ëm d'Staatsform an de Roll vum Groussherzog an d'Reliounen, d'Chamber an de Staatsrot, souwéi Rechter a Fräiheeten.