Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verfassungspropositioun vun déi Lénk gouf verworf

Chamber

Verfassungspropositioun vun déi Lénk gouf verworf

D'Rapportrice Nathalie Oberweis vun déi Lénk hat den Deputéierten déi grouss Linne vun der neier alternativer Verfassungpropositioun vun hirer Fraktioun presentéiert. Am Rapport vun der Institutiounskommissioun a vun der Verfassungsrevisioun gouf den Deputéierte recommandéiert, dës Propositioun net ze stëmmen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Gestéiert huet ee sech virun allem dorun, datt déi Lénk an hirem Verfassungsentworf fir eng nei Staatsform, nämlech fir déi vun enger Republik plaidéieren.

DP verdeedegt d'Monarchie constitutionnelle

D'DP-Deputéiert Simone Beissel huet d'Monarchie constitutionnelle verdeedegt, déi déif an der Lëtzebuerger Geschicht verankert wier:

"Dat, Här President, brécht total mat eiser konstitutioneller Geschicht. A wann ee kuckt, wou mir haut 2022 stinn, bréngt déi do Usicht fir mech a fir eis och keng Plus Value fir d'Realitéite vun eisem Land 2022."

M. Di Bartholomeo: "Monarchie gëtt vun eise Leit gedroen"

Och d'Institutiounskommissioun huet sech géint dës Propositioun vun déi Lénk ausgeschwat a géif un der aktueller Staatsform festhalen, déi sech an där Zäit wou se do ass, bewäert hätt, argumentéiert den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartholomeo.

Déi aktuell Staatsform wier ganz vun hire Leit gedroen, an et géif ee keng Noutwennegkeet gesinn, dës Staatsform a Fro ze stellen, sot den LSAP-Deputéierten.

Eng modern Monarchie déi an dëser Form an dat eenanzwanzegt Joerhonnert géif erapassen, géif vun der Majoritéit an der Verfassung vun der Institutiounskommissioun gedroe ginn, esou nach de Mars Di Bartolomeo.

N. Oberweis: "Mir brauchen en neie Gesellschaftsprojet"

D'Nathalie Oberweis huet de Verfassungsprojet vun hirer Fraktioun weider verdeedegt. Hir Verfassung hatt d'Äntwerten op déi aktuell Krisen:

"Mir brauchen dës Verfassung, well mir Bierger a Biergerinne brauchen en neie Gesellschaftsprojet, eng Zort Contrat social. Mir wëssen, datt dës Gesellschaft wéi se am Moment funktionéiert, wann et sou weidergeet, an eng Mauer wäert rennen, well se net nohalteg ass."

No dem Verworf vum Verfassungsprojet vun déi Lénk dierft e Mëttwoch an en Donneschdeg awer d'Verfassungsreform definitiv ugeholl ginn, iwwer déi d'Majoritéitsparteien an déi meescht Oppositiounsparteie sech eens goufen, no jorelaangen Aarbechten um méi ewéi 150 Joer ale Verfassungstext.