Véierten Eisebunnspak: Bausch gesäit Projet kritesch

Den Infrastruktur- a Nohaltegkeetsminister rechent fir 2015 mat enger Decisioun iwwert de Véierten europäeschen Eisebunnspak: Méiglecherweis am zweete Semester, wa Lëtzebuerg d’Conseilspresidence huet. Dem Projet wéi en elo virläit steet de François Bausch kritesch géigeniwwer. Dat nächst Joer wëll de grénge Minister notzen, fir Allianze géint eng ze staark Liberaliséierung am Eisebunnsberäich opzebauen.

Aus Perspektiv vu klenge Betriber wéi der CFL, mee och allgemeng fir den ëffentlechen Zuchtransport an Europa, wier d’Propose vun der EU-Kommissioun problematesch, sou de François Bausch. De Minister huet begréisst, datt d’Europaparlament des Propose mam Vote dëse Mëttwoch schonn ofgeschwächt hätt. Notamment ginn d’Virgabe fir eng Trennung vun Infrastruktur an Transport manner wäit, an et sinn Derogatioune virgesinn, bei der Obligatioun Optreeg am Persouneverkéiher ëffentlech auszeschreiwen.

Den Interview mam François Bausch:

 

Fir d’CFL wier de Véierten Eisebunnspak net positiv mee akzeptabel, wann en esou duerkënnt wéi en e Mëttwoch vum Europaparlament gestëmmt ginn ass. Déi Positioun vertrieden d’Europadeputéiert vu CSV an LSAP, Georges Bach a Robert Goebbels. Béid Politiker hunn awer géint de Volet gestëmmt, wou et ëm d’Trennung vun Infrastruktur an Transport geet. Och wann se begréissen datt, d’Propose vum Parlament bei der Liberaliséierung manner wäit geet, wéi déi vun der EU-Kommissioun: béid Entitéite solle kënnen zesummen ënnert dem Daach vun enger Holding bleiwen.

Positiv bewäerte béid Europapolitiker den technesche Volet vum Mesurëpak, mat deem de grenziwwerschreidende Zuchverkéier soll encouragéiert ginn.

Detailer am Bäitraag vum Pia Oppel:

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen