Déi Belsch-Lëtzebuergesch Evakuatiouns-Missioun ass dësen Donneschden Owend Lokalzäit zu Islamabad op en Enn komm. Och vill aner alliéiert Länner hunn hir Flich agestallt. Elo sollen d'USA de Flughafe komplett iwwerhuele fir hir Staatsbierger an hir 5.400 Zaldote virum 31. August erauszebréngen.
Et ass eng Course, eng immense geféierlech Course fir an de Fliger, oder iwwerhaapt op de Flughafen ze kommen. Elo ass et bal eriwwer mat den Evakuatiouns-Flich vun de Länner aus der Koalitioun. D'Paarte fir an de Flughafe ginn zou gemaach - kee Land schéngt et gepackt ze hunn all hir Leit aus Kabul eraus ze kréin, och Lëtzebuerg net.
Trotzdeem ass de Bilan vun der Lëtzebuerger Arméi e gudden, seet hire Representant zu Islamabad, de Colonel Georges Eiden.
"Eis Missioun, firwat datt mer heihinner komm sinn, déi ass dank der Mathëllef vun eise belschen an hollännesche Kolleegen zimmlech erfollegräich iwwer d'Bün gaangen. Et si verschidde Leit, déi sinn net erauskomm. Mir haten zwou Lëschte kritt, déi eng ware Lëtzebuerger Ressortissanten, déi sinn alleguerten erauskomm, dat waren néng Leit. Déi zweet Lëscht, dat war eng humanitär Lëscht mat Leit, déi fir eisen Ausseministère an eis Regierung wichteg waren, datt se sollen a Lëtzebuerg rapatriéiert ginn. Mee wéi et de Moment ausgesäit sinn et der véier, déi et just in extremis net méi gepackt hu fir an de leschte Fliger ze kommen, wou lo anscheinend probéiert gëtt fir déi iwwer e Landwee evakuéiert ze ginn. Do lafen all déi diplomatesch Kanäl a Brand an dozou kann ech den Ament net vill soen."
Et gi vill Flüchtlingen erwaart
Dat schéngt eng nach méi geféierlech Optioun ze sinn. Fir op d'Grenze mam Iran, mat Usbekistan, oder hei mam Pakistan ze kommen, muss een duerch den Territoire vun den Taliban an op eng Grenz, déi am Fall vum Pakistan, komplett zou ass fir Refugiéen.
D'Loftbréck hei zu Islamabad ass och elo zou. Et gëtt elo gefaart, datt et zu engem Fluchtlingsstroum Richtung Pakistan kéint kommen, soubal et mat den Evakuationsflich ganz eriwwer ass.
Notiz: Den Interview mam Colonel Georges Eiden gouf virun den Explosiounen um Flughafen zu Kabul opgeholl.