Radioen

On air

Notturno  |  Allen Toussaint - Southern Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA-Iran: Ee politesch brisante Match

Fussball-WM

USA-Iran: Ee politesch brisante Match

Fir d'éischte Kéier zanter 1998 spillen d'USA géint den Iran an engem WM-Match. Am Iran demonstréiere vill Leit géint déi brutal Repressioun vum Regimm. D'USA hu sech fir d'Manifestanten ausgeschwat.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Politik ass net aus dëser WM ewechzedenken, besonnesch net, wann um Terrain dës zwee Länner openeen treffen.

An och um Terrain ass et e spannende Match. D'USA musse gewanne fir an d'Aachtelsfinall ze kommen, den Iran muss just gläich spillen. D'USA hu bis elo an hiren zwee Matcher iwwerzeeg, zwee Gläichspiller mat enger jonker an dynamescher Ekipp.

Eng ugespaante Situatioun am Iran

An de Matcher vum Iran war d'politesch Situatioun doheem omnipresent. D'Ekipp huet virun der éischter Partie géint England entscheet, d'Nationalhymn net ze sangen. Dat gouf als Zeeche vu Solidaritéit mat de Manifestante géint de Regimm interpretéiert. Et koum zu enger 6-2 Defaite.

Den zweete Match war eng emotional Victoire géint Wales, mee virum Stadion goufen Anti-Regimm-Fändelen ewechgeholl an et koum zu verbalen Ausernanersetzungen tëscht pro-Regimm an anti-Regimm Supporter.

Op dëser WM ass et schwéier fir d'Supporter hire politesche Point de vue oppen ze weisen. D'FIFA, an d'Organisateuren aus dem Katar wëllen eng apolitesch WM, mee trotzdeem hunn e puer Leit et gepackt hir Solidaritéit mat de Manifestanten am Iran ze weisen.

Den Numm Mahsa Amini ass vereenzelt op T-Shirten ze gesinn. Der 22 Joer aler Fra hiren Doud, nodeems si hiren Higab der Police no net richteg unhat, huet zu massiven Demonstratioune gefouert, an zum Doud vu ronn 450 Leit, soe Mënscherechtsorganisatiounen.

USA-Iran am Joer 1998: Situatioun war och ugespaant

Déi leschte Kéier, wou dës zwee Länner op enger WM openee getraff sinn, war 1998 zu Lyon. De Match ass ugesinn als ee vun de politeschsten an ugespaantste Matcher an der Fussballsgeschicht.

Eng gemeinsam Foto vun den Ekippen a Blummen, déi d'Spiller aus dem Iran hiren amerikanesche Géigner ginn hunn, konnten d'Uspanung e bëssen aus dem Spill huelen.

Fir de Match haut den Owend schénge keng esou Aktioune geplangt ze sinn.