Nodeems seng Victoire kloer war, huet den Donald Trump sech an enger Ried conciliant gewisen: Hie géif alle Bierger verspriechen, datt hien e President fir all d'Amerikaner wäert sinn. D'USA wieren e Land mat groussem Potential:
"Fir all déi Leit, déi sech entscheet hunn, mech net an der Vergaangenheet z'ënnerstëtzen. Ech riichte mech un iech, fir mat ärer Leedung an Hëllef, eist bedeitend Land nees zesummen ze vereenegen."
Manner Stëmmen, méi Wahlmänner
Den Donald Trump huet an enger Rei wichtege Bundesstaate gewonnen, wéi Florida, North Carolina, Ohio an Iowa. Wahlberechtegt waren eng 219 Milliounen US-Amerikaner. 47,5 Prozent vun de Wieler hu fir de Kandidat vun de Republikaner gestëmmt, a liicht méi - 47,6 Prozent - fir déi demokratesch Kandidatin. Eng ähnlech Situatioun huet den Demokrat Al Gore am Joer 2000 erlieft. Obwuel méi Wieler fir hie gestëmmt haten, huet hien géint den George W. Bush verluer, deen ebe méi Wahlmänner hat.
An den USA gëllt an de meeschte Bundesstaaten de sougennante "Winner takes all"-Prinzip. Dat heescht, datt eng einfach Majoritéit vun de Stëmme fir ee Kandidat duergeet, fir datt hien all d'Wahlmänner vun engem Bundesstaat op säi Konnt kritt. Dobäi ass et egal, wéi grouss de Virsprong ass. Keng Roll spillt an deem Sënn, wéi vill Wieler ee Kandidat gewielt hunn, mee wéi vill Wahlmänner ee kritt.
Turbulente Wahlkampf
D'Hillary Clinton hätt him zu senger Victoire felicitéiert, esou den Donald Trump. Seng demokratesch Rivalin hätt haart gekämpft. Eng offiziell Reaktioun vun der Hillary Clinton op hir Defaite gëtt et nach net. D'Demokraten haten hir Wahlparty zu New York annuléiert, wéi sech de Moien d'Victoire vum Republikaner ofgezeechent huet.
Am Wahlkampf gouf den ëmstriddene Geschäftsmann Donald Trump wéinst rassisteschen, fraefeindlechen a populisteschen Aussoen ëmmer nees schaarf kritiséiert. Mat sengem Wahlslogan "Make America Great Again" huet hien d'Versprieche verbonnen, datt hie sech fir d'Verléierer vun der Globaliséierung wéilt asetzen. Seng Géignerin stoung ënnert anerem wéinst hirem onviirsichtegen Ëmgank mat professionellen e-Maile während hirer Zäit als US-Ausseministesch an der Kritik. Nach kuerz virun de Wahlen hat den FBI eng nei Enquête an dëser Affär lancéiert.
Als neie President huet den Donald Trump ee vun de Republikaner dominéierte Kongress: Am Senat an am Representantenhaus bleiwe si no dëse Wahlen an der Majoritéit.
International Reaktiounen
Déi éischt Reaktiounen op d'Resultater si markéiert vun Iwwerraschung. Fir de franséischen Ambassadeur zu Washington brécht eegenen Aussoen no "eng Welt zesummen", heescht et op den Noriichtenagencen.
D'EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini huet op Twitter betount, datt d'EU weider enk Relatiounen mat den USA wäert fleegen:
EU - #US ties are deeper than any change in politics. We'll continue to work together, rediscovering the strength of Europe
- Federica Mogherini (@FedericaMog) November 9, 2016
Am Wahlkampf hat den Donald Trump d'Nato schaarf kritiséiert. De Generalsekretär vum Nord-Atlantesche Militärbundnis huet den zukünftegen US-President elo opgefuerdert, sech weider an der NATO z'engagéieren:
#BREAKING US leadership 'as important as ever': NATO's Stoltenberg
- AFP news agency (@AFP) November 9, 2016
Europäesch Rietspopulisten hu positiv op dem Donald Trump seng Victoire reagéiert: De briteschen UKIP-Politiker a Brexit-Verfechter Nigel Farage gëtt mam Saz zitéiert, dëst Joer wier d'Joer vun de Revolutiounen. D'Presidentin vum franséische Front National, Marine Le Pen, huet dem Donald Trump felicitéiert nach éier en definitiivt Resultat do ass:
Félicitations au nouveau président des Etats-Unis Donald Trump et au peuple américain, libre ! MLP
- Marine Le Pen (@MLP_officiel) November 9, 2016
Den hollännesche Rietspopulist Geert Wilders schreift op Twitter: "D'Amerikaner huelen sech hiert Land zréck":
Florida and Utah for @realDonaldTrump
- Geert Wilders (@geertwilderspvv) November 9, 2016
The people are taking their country back.
So will we.
Lëtzebuerger Reaktiounen
Déi amerikanesch Ambassade zu Lëtzebuerg huet eng Wahlparty an engem Hotel zu Dummeldeng organiséiert. Eng 100 Leit suivéieren vun do aus d'Resultater, déi aus den USA kommen. Derbäi si Lëtzebuerger Politiker, Vertrieder aus der Wirtschaft, wéi och Amerikaner, déi hei am Land liewen.
D'Éiere-Presidentin vun de Republikaner zu Lëtzebuerg Sharon March begréisst, datt sech eng Victoire vum Donald Trump ofzeechent. D'Wieler hätte sech fir dee richtege Kandidat entscheet. D'Wieler hätte kloer decidéiert, datt si ee Kandidat mat enger "renger" Vergaangenheet wéilten. Zum Trump sengen Aussoen iwwer eng vill méi restriktiv Immigratiounspolitik, d'Mauer op der Grenz mat Mexiko, respektiv en Immigratiounsstop fir Muslimen, sot d'Sharon March am 100,7-Interview:
"Hie seet just, datt et soll eng legal Immigratioun sinn. Hie seet, datt d'Grenze vun all Land solle protegéiert ginn. Hien huet net gesot, datt all d'Mexikaner sollen ewech bleiwen. Dat wat hien kloer an däitlech gesot huet ass: Illegal Awanderung soll gestoppt ginn."
Och de Premier Xavier Bettel ass op der Plaz. Am 100,7-Interview sot hien, hie wier erféiert. Als Demokrat géif hien natierlech d'Resultat respektéieren:
"Virun allem sinn ech awer och erféiert iwwer d'Aussoen, déi während de leschte sechs Méint vum Kandidat Trump gemaach goufen. Et muss ee kucken, wat a sengem Regierungsprogramm steet, wéi seng Equipe zesummegesat gëtt. Mee selbstverständlech sprangen ech net vu Freed haut."
Wat ee President Trump fir d'Bezéiungen tëscht den USA an dem Rescht vun der Welt bedeit, kéint een dem Xavier Bettl no eréischt soen, wa kloer gëtt, wat de Republikaner wierklech wëlles huet. "Mee et mécht mer Angscht". All d'Politiker misste sech d'Fro stellen, wéi ee mam Populismus ëmgeet.
Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry sot sech de Moien iwwerrascht an traureg: "Wat ee méi vulgär ass a wat een d'Leit méi belitt, wat ee méi ee géint deen aneren ophetzt, wat ee méi Chancen huet hautdesdaags Wahlen ze gewannen." Weider sot den Alex Bodry de Moien am 100,7-Interview:
"Et bestätegt sech net dat, wat d'Sondagen déi lescht Woche gewisen haten. Wéi et elo ausgesäit, sinn dem Trump seng Chancë President ze gi méi grouss wéi der Hillary Clinton seng. Dat opgrond vun deenen dach relativ staarke Resultater, déi hien an enger ganzer Partie Staate vum sougenannte "Rust Belt", also fréier grouss Industriestaaten, déi soss ëmmer demokratesch gewielt hunn, an déi elo am Gaange sinn ze kippen.
Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet d'Wahlresultat begréisst. Hie perséinlech wier ee Konservativen an ee Sympathisant vun de Republikaner, dowéinst hätt hien den Trump gewielt. Datt d'Prognosen eng Victoire vun der Hillary Clinton virausgesot haten, huet de Roy Reding esou kommentéiert:
"Ech denken, datt alt nees eng Kéier d'Medie sech vill ze vill op ee Camp konzentréiert a favoriséiert hunn an doduerch eng gewëss Manipulatioun gemaach hu vun der ëffentlecher Meenung."