Radioen

On air

De Weekend  |  Raphael Saadiq - Body Parts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een Zylinder vum Wirtschaftsmotor"

Uni Lëtzebuerg

"Een Zylinder vum Wirtschaftsmotor"

“Mir musse sécherstellen, datt d’Gesellschaft e wirtschaftlechen Notze vun der Universitéit huet”, seet den neie President vum Conseil de gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg. Dem Yves Elsen no muss d’Uni enk mat der Wirtschaft zesummeschaffen.

auto_stories

4 min

Selbstverständlech wier d'Uni en Zouliwwerer fir d'Nischeneconomie seet den Yves Elsen.

Den Yves Elsen iwwerhëlt d’Successioun vum Marc Jäger un der Spëtzt vum Verwaltungsrot vun der Uni Lëtzebuerg. Den Direkter vun der Firma Hitec Luxembourg ass vu Formatioun Ingenieur. Tëscht 2010 an 2016 war hie President vum Verwaltungsrot vum Fonds National de la Recherche. Dernieft war den Yves Elsen och Member vum Management-Comité vum Satellitebedreiwer SES.

Säi CV wier e gudde Resumé vun deem, wat eng Universitéit misst sinn, fënnt den Yves Elsen. Si misst d'Bréck tëscht Wirtschaft a Fuerschung schloen. Eng Universitéit wier ee vun de wichtegen Zylinder vum Wirtschaftsmotor vun engem Land.

Interessekonflikter?

D’Uni géing déi jonk Leit fir d'Lëtzebuerger Betriber an Industriesecteure forméieren. Fir d'Betriber wier och d'Formation continue wichteg, dofir missten d'Formatiounen ausgebaut ginn. Et géing een dofir mat der Chambre de Commerce zesummeschaffen, esou de President vum Uni-Verwaltungsrot.

Ass d'Uni een Zouliwwerer fir déi Lëtzebuerger Nicheneconomie? "Selbstverständlech", äntwert dorops den Yves Elsen. Verschidde Betriber wéi SES an ATOZ géingen och Chairë vun der Uni sponseren. Och am Beräich Fintech kéint den Yves Elsen sech esou eng Zesummenaarbecht virstellen.

Seng eege Societéit Hightech Luxembourg hätt scho vun der Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg profitéiert. Et wier awer dem Yves Elsen no keen Interessekonflikt, datt hien elo och e Mandat am Verwaltungsrot hätt. “Am Gesetz steet, datt d’Universitéit onofhängeg ass a wann een an de Conseil genannt gëtt, dann engagéiert ee sech dofir, am Interêt vun der Institutioun ze schaffen”, seet de Yves Elsen. “Mir ass net baang, datt do iergendeppes gemauschelt sollt ginn. Mir hunn eng strikt Ethik an eng strikt Gouvernance.”

Eng limitéiert Onofhängegkeet

Wéi fräi vun der Wirtschaft ass d’Uni fir hir Fuerschung ze steieren? ”Et geet net, datt een a engem Elfenbeintuerm sëtze bleift, sech selwer Nuebelschau mécht, an un eppes schafft ouni Lien”, seet de President vum Conseil de Gouvernance. All Institutioun hätt haut e sozioekonomesche Bäitrag un der Gesellschaft ze leeschten.

Am Beräich vun der Grondlagefuerschung géing déi akademesch Onofhängegkeet garantéiert ginn. D'Uni hätt eng Fuerschungsmissioun an dat wier e Gebitt, op deem d’Betriber net onbedéngt bereet wieren, fir Moyenen zur Verfügung ze stellen, esou den Yves Elsen. All déi Leit, déi zu Lëtzebuerg hir Steiere géinge bezuelen, dierften net vergiessen, datt d’Universitéit e wirtschaftlechen Notze fir d’Lëtzebuerger Land misst hunn.

“Medical School”: Optioune gi gepréift

D'Fro, ob Lëtzebuerg eng medezinesch Fakultéit kritt, steet zënter enger Zäit am Raum. Als Universitéit misst ee sech dem Thema stellen, seet den Yves Elsen. Et misst een Äntwerte fannen, déi een och kéint ëmsetzen.

D’Fro wär, ob een eng kleng oder eng grouss Léisung wëll. Zukünfteg Medezinsstudente misste garantéiert kréien, datt hir Studien zu Lëtzebuerg am Ausland unerkannt ginn. “Et muss ee sech bewosst sinn, datt eng medezinesch Fakultéit mat vill Geld verbonnen ass”. Den Yves Elsen rechent mat enger Decisioun bis spéitstens ufanks 2017.

“Eng vun de modernsten Universitéiten op der Welt”

D’Universitéit Lëtzebuerg huet aktuell 6.000 Studenten. D'Zil wär fir op 8.000 ze kommen. Den Yves Elsen erënnert dorunner, datt d'Uni.lu et op déi 14. Plaz gepackt huet an engem internationale Ranking vun den Universitéiten, déi ënnert 50 Joer al sinn.

Am internationale Verglach hätten d’Studenten zu Lëtzebuerg keng Wunnengsproblemer. Den 3.000 auslännesche Studente kéint een elo schonn 1.000 Wunnengen ubidden. An den nächste Jore wéilt een der Halschent vun den auslännesche Studenten eng Studentewunnengen ubidden.

An dëser Legislatur soll d'Unisgesetz reforméiert ginn. Derbäi soll och d’Gouvernance iwwerkuckt ginn. Dem Yves Elsen no kéint Verschiddenes vereinfacht ginn. Vill Käch kéinten awer de Bräi verdierwen, warnt hien. Déi aktuell Struktur vun der Gouvernance géing gutt fonctionnéieren.

Am Conseil de Gouvernance vun der Uni sinn op siwe Membere just zwou Fraen. Den 1. Januar gëtt d’Tonie Van Dam Vize-Rektorin vun der Uni an ass domadder eng vu fënnef Rektoratsmemberen. Den Yves Elsen seet, hie wéilt sech dofir asetzen, datt an Zukunft méi Fraen an de Féierungsstrukture vun der Uni vertruede sinn.