Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unicef ënnerstëtzt d'Covax-Initiativ

Impf-Initiativ

Unicef ënnerstëtzt d'Covax-Initiativ

Covax ass eng global Initiativ, bei där 190 Länner matmaachen, an déi derfir suerge wëllt, datt och déi aarm Staaten op der Welt Covid-Vaccin kréien. Nom Motto "Et ass kee sécher bis mir net all secher sinn". Och wa Kanner keng prioritär Cible vun der Impfung sinn, gehéiert d'Unicef, d'Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen, zu de Partner vun där Initiativ.

auto_stories

2 min

Wéinst hirer grousser Expertis am Ëmgang mat Vaccinen. D'Unicef hëlleft bei der Verdeelung vum Impfstoff bis an déi entleeënst Ecker vun den äermste Länner, a sëtzt och beim Akaf mat um Dësch. A si géif nawell gär méi transparent iwwer d'Verhandlunge mat de Produzenten kommunizéieren, wéi de Paul Heber vun Unicef Lëtzebuerg erkläert huet. Mee nach hätten d'Produzenten den Accord dofir net ginn.

"Mir versichen natierlech do och Drock op d'Produzenten ze maachen. Wann elo eng Unicef ofspréngt, déi seet, mir brauchen 2,5 Milliounen Vaccinen, da seet de Produzent net, egal, da kucke mer mat engem aneren. Sou ass dat net. Mir hu schonn e gewëssene Poids."

Organisatioune wéi d'UNICEF géife vun Transparenz liewen, déi Vertraue géif schafen. "Wann d'Leit eis nët vertrauen, dann hu mer och Problemer mat den Donen." Dofir hofft de Paul Heber, datt een op dësem Punkt demnächst transparent kéint kommunizéieren.

Den éischte substantiellen Don a Bitcoin

Fir d'éischt an hirer Geschicht huet UNICEF Lëtzebuerg e substantiellen Don an enger Kryptowährung kritt: eng Fondatioun mam Numm Binance Charity huet den Equivalent vun enger Millioune Euro iwwerwisen, fir de Projet Covax ze ënnerstëtzen. Dat wier fir d'Unicef eng nei Experienz gewiescht, sou de Paul Heber vun der Lëtzebuerger Antenn vum Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen.

UNICEF géif akribesch kontrolléieren, wou d'Suen hierkommen, déi eng Firma dem Kannerhëllefswierk spende wëllt. Suen aus der Alkoholsindustrie, dem Beräich vun der Pornographie, der Waffenindustrie an enger ganzer Rei vun anere Beräicher géif Unicef net akzeptéieren. An dësem Fall hätt een iwwer eng speziell Software kënnen novollzéien, wou d'Bitcoinen hierkomm wieren an dofir den Don och akzeptéiert.