Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uni-Rentrée mat gemëschte Léiermethoden

Uni a Corona-Zäiten

Uni-Rentrée mat gemëschte Léiermethoden

Nom Welcome Day de leschte Freideg ass dëse Méindeg déi offiziell Rentrée fir alleguer d'Studentinnen a Studente vun der Uni Lëtzebuerg. De Start an dat neit Uni Joer bréngt eng Rei Verännerunge mat sech, esou d'Vize-Rektesch Catherine-Léglu am 100,7-Interview. Nodeems d'Uni wéinst der Corona-Pandemie ganz op Distance-Learning ëmgespronge war, gëtt elo op eng Mëschung tëschent Online-Coursen a Course-sur-place zeréckgegraff.

auto_stories

3 min

Och fir d'Uni Lëtzebuerg war de 16. Mäerz de Stéchdatum fir de Lockdown, an domat och fir den Enseignement à distance.

Änlech wéi verschidden Universitéiten am Ausland, hätt sech d'Uni.lu elo fir e méi hybride System entscheet, esou d'Catherine Léglu. Vir méi grouss Gruppen, géif een den Distance-Learning gréisstendeels bäibehalen, fir méi kleng Gruppen awer, wier et nees méiglech a Klassesäll z'enseignéieren.

Op wéi eng Léier Method am Endeffekt zréck gegraff gëtt, géif ëmmer nees vun der Gréisst vum Grupp, der Gréisst vum Sall awer och der Aktivitéit selwer ofhängeg gemaach ginn. Grouss Gruppe géifen zum Deel och gespléckt ginn. dEng Halschecht wier da mam Enseignant am Klassesall, déi aner Halschecht kéint sech per Video Livestream zouschalten.

Wann néideg kann op e Plang B zeréck gegraff ginn

Um Oflaf vum akademesche Kalenner hätt sech awer näischt verännert, betount d'Vize-Rektesch. Nieft de gängege Gestes-Barrières, ass zanter der Rentrée och bannent dem Klassesall eng Maskeflicht fir d'Studentinnen a Studenten en place. Den Enseignant kéint d'Mask awer ausdoen, wann den néidege Sécherheetsofstand agehale gëtt.

Et wier immens schwéier mat engem Mask z'enseignéieren, betount d'Catherine Léglu. Dat virun allem wann dobäi nach gefilmt gëtt. Et wier wichteg, datt een d'Beweegunge vum Mond kéint novollzéien. D'Enseignante hätten dofir de Choix op si de Mask wëllen unhalen oder net.

Fir d'Uni Joer 20/21 wéilt een elo eng maximal Flexibilitéit behalen, esou d'Catherine Léglu. Sollt d'Situatioun sech am Laf vum Joer verschlechteren, da géif een op e Plang B zréck gräifen. Fir d'Vize-Rektesch géif dëst bedeite nees ganz op den Distance Learning zréckzegräifen - esou, wéi een dat schonn am Fréijoer wärend dem Lockdown gemaach hätt.

Méi Internetconnectiounen

Den Distance-Learning wier awer och mat enge Rei Problemer verbonne gewiescht. Et gouf beispillsweis Studenten déi keng oder keng gutt Internet-Verbindung haaten oder keen Accès op e Computer. An den Unis-Residenzen hätt een dofir d'Internetconnectiounen verstäerkt.

Déi Studenten, déi Doheem keen Accès op e Computer oder eng Internetverbindung haten, hätten och prioritär eng Léier-Plaz am Learning Center kritt, nodeems dësen nees nom Confinement opgemaach huet.

Ma och den Isolement hätt seng Spueren hannerlooss. Aus dësem Grond hätte si hir psychologesch Equippe, déi sech ëm Inclusioun bekëmmert, elo fir d'Rentrée erweidert.

D'Vize-Rektesch hofft elo op e rouege Start an dat neit Joer. Et kéint een net vun enger "normaler" Rentrée schwätzen, ma et wéilt een de Studenten en Ëmfeld bidden, an deem si sech nees ganz op hire Studium kéinte konzentréieren.