Plagiatsvirwërf géint Xavier Bettel Université de Lorraine mécht Enquête op

D'Universitéit vun der Lorraine mécht eng Enquête op fir d'Plagiatsvirwërf géint de Premier Xavier Bettel ze iwwerpréiwen. Dat huet d'Uni gëschter Owend per Communiqué matgedeelt. Reporter.lu hat gëscht gemellt, datt dem Premier seng Ofschlossaarbecht aus dem Joer 1999 op der Universitéit Nancy-II e klore Fall vu Plagiat wier.

Jean-Claude Franck

Xavier Bettel

D'Universitéit géif Verstéiss géint d'wëssenschaftlech Integritéit eescht huelen, esou d'Université de Lorraine. Eng Instruktioun soll klären, ob de Contenu vum Premier senger Ofschlossaarbecht effektiv ouni d'Nenne vu Sourcen ofgeschriwwe gouf. Ob et zu Sanktioune kënnt, missten d'Konklusioune vun der Enquête weisen, heescht et.

Mémoire "just een Element fir en Diplom"

D'Universitéit seet, si hätt iwwer d'Press vum Fall héieren. Se nuancéiert, datt een e Mémoire vun engem DEA net kéint mat enger Universitéitsthes vergläichen. De Mémoire wier just eent vun den Elementer fir en Diplom ze kréien.

Weider probéiert d'Universitéit och sech selwer a Schutz ze huelen: Viru méi wéi 20 Joer, wéi de Mémoire geschriwwe gouf, hätten d'Unien nach keng Computerprogrammer gehat fir Plagiat ze entdecken - anescht also wéi haut. Do wier dat eng wichteg Hëllef fir esou Fäll ze detektéieren.

Weider wëll d'Uni de Fall fir de Moment net kommentéieren. Dofir wiere wéi gesot Iwwerpréiwungen néideg, well de Fall méi wéi 20 Joer zeréck läit.

Dem Onlinemagasinn Reporter no wiere quasi op alle vun de 56 Säite vun der Ofschlossaarbecht iwwert de Walsystem fir d'Europawale friem Texter iwwerholl ginn, ouni datt d'Quell genannt gëtt. De Plagiat gouf am Artikel vun onofhängege Fuerscher confirméiert.

De Premier huet gëscht just schrëftlech reagéiert. Senger Erënnerung no, hätt hien dës Aarbecht "no beschtem Wëssen a Gewësse verfaasst". Aus haiteger Siicht géif hien unerkennen, datt een dat villäicht hätt missten anescht maachen. Hie géif der Uni Nanzeg voll a ganz vertraue fir ze jugéieren, ob déi concernéiert Aarbecht den deemolege Critèren entsprécht. Falls dat net de Fall sollt sinn, géif hie selbstverständlech eng deementspriechend Decisioun akzeptéieren, esou de Xavier Bettel.

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Ofschlossaarbecht vun 1999

Beim Premier Xavier Bettel senger Ofschlossaarbecht handelt et sech ëm e "klore Fall vu Plagiat", esou Online-Magasinn reporter.lu. Jee no Konklusioun vun enger weiderer Analys misst de Premier Konsequenzen zéien, esou d'Piraten an d'ADR.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen