Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ungarn erpresst d'EU an huet Succès domat

EU-STRÄIT MAT UNGARN

Ungarn erpresst d'EU an huet Succès domat

D'EU-Finanzministeren hu Votten iwwer d'Ausbezuele vun EU-Suen un Ungarn verluecht, well d'Regierung vum Premier Viktor Orbán an zwee EU-Dossieren, déi just "à l'uninamité" kënnen ugeholl ginn, blockéiert.

auto_stories

3 min

Um Enn huet Ungarn eng vu senge Menace wouer gemaach a géint eng Ännerung am EU-Budget gestëmmt, déi et erlaabt hätt, am Januar een 18 Milliarden Euro-Hëllefspak un d'Ukrain auszebezuelen.

Et géif een awer net opginn, fir awer nach eng Léisung ze fannen, sot am Numm vun der EU-Presidence den tschechesche Finanzminister Zbyněk Stanjura. Eng Léisung, fir déi d'EU keng Unanimitéit brauch, ma déi vu 26 amplaz 27 Länner ënnerstëtzt gëtt.

Deen zweeten Dossier, an deem Ungarn säi Veto annoncéiert huet, nämlech dee vun enger Mindeststeier fir grouss Entreprisen, gouf gëschter Moie kuerzfristeg vum Ordre du Jour geholl - ouni datt driwwer ofgestëmmt gouf.

Yuriko Backes: Frustratioun beim Rescht vun de Memberlänner

Inakzeptabel nennt d'Lëtzebuerger Finanzministesch dat ungarescht Behuelen. Fir si steet d'Kredibilitéit vun der EU um Spill.

"Dat elo eng Situatioun, an där d'Ukrain op EU Suen ugewisen ass, mat an Otage geholl gëtt, fannen ech an alleguerte meng Kolleegen absolut inakzeptabel. Ech menge mir sti kuerz virum Wanter. Si sinn op eis Hëllef ugewisen a mir brauchen hei ganz séier een Duerchbroch."

D'Fro un d'Yuriko Backes, ob hei ee Land déi aner 26 fest am Grëff huet?

"Dat géif ech elo net soen. Mee, mir gesinn effektiv eng relativ grouss Frustratioun am Conseil doriwwer wéi sech hei Ungarn positionéiert, et ass e bëssen ee Chantage, wat keng gutt Aart a Weis ass fir ze schaffen an der EU. Et ginn Dossiere matenee liéiert, déi näischt mateneen ze dinn hunn."

Dee Chantage funktionéiert, op d'mannst bis elo, well déi aner 26 EU-Länner gëscht decidéiert hunn, net iwwer déi zwee Finanzposten, déi Ungarn betreffen, ofzestëmmen.

Lëtzebuerg deelt Analys vun der EU-Kommissioun

Et geet eemol ëm den ungaresche Corona-Hëllefsfong. D'Land waart nach ëmmer op 5,8 Milliarden aus dem EU-Dëppen. An ëm EU-Fongen an Héicht vu 7,5 Milliarden Euro, déi der Europäescher Kommissioun no net sollen un Ungarn ausbezuelt ginn, well d'Land sech net un d'Reegele vum Rechtsstaat hält, net fir eng onofhängeg Justiz ka garantéieren an keng effikass Anti-Korruptiounsreegelen op d'Been setzt.

"D'Kommissioun huet hei hir Analys gemaach, déi Lëtzebuerg och ënnerstëtzt", sou d'Yuriko Backes Net jiddwereen huet esou eng kloer Haltung. Verschiddener waren der Meenung, Ungarn hätt an der Tëschenzäit Progrèse gemaach an hunn dofir d'Demande un d'Kommissioun gemaach, si sollt nach emol eng Analys noreechen. An zwar séier, well et a béiden Dossieren Deadlinë gëtt

"Mir maachen, wat mir kënnen an deem ganz enken Delai", sot en Dënschdeg den Owend no der Reunioun kee begeeschterte Vizepresident vun der Kommissioun, de Valdis Dombroskis.

Méiglecherweis geet dat Ganzt op den Niveau vun der Chefetage - mam ungaresche Premier Viktor Orbán an deenen anere 26 EU-Staats- Regierungscheffen déi nächst Woch um EU-Sommet.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.