Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ungarn: Aner EU-Länner musse Faarf bekennen

Chronik

Ungarn: Aner EU-Länner musse Faarf bekennen

Ungarn blockéiert zwee EU-Dossieren, déi just eestëmmeg ugeholl kënne ginn. D'Land géif doduerch gären déi aner 26 Länner forcéieren EU-Subside fräi ze schalten. Een Erpressungsversuch, dee bis elo funktionéiert. Och well Däitschland a Frankräich dem Viktor Orbán senger Regierung op eng Aart a Weis Réckendeckung ginn, déi geféierlech ass, mengt d'Danièle Weber an dëser Chronik.

auto_stories

3 min

Déi tschechesch EU-Presidence wollt et wëssen a krut e Méindeg eng kloer Äntwert: Op der Reunioun vun den EU-Finanzministeren huet Ungarn säi Veto ageluecht fir een 18 Milliarden Euro Hëllefspak fir d'Ukrain. Den ungaresche Minister huet dat am ëffentlechen Deel vun der Sitzung annoncéiert. Seng Regierung weist also elo ganz oppen, datt déi Menace, verschidden EU-Dossieren ze blockéieren, eescht gemengt ass.

Budapest seet och Neen zu enger Mindeststeier fir grouss Entreprisen - d'Oppositioun ass a béiden Dossiere keng inhaltlech. Ungarn géif direkt Jo ze soen, wann déi aner 26 Länner prett wieren am Géigenzuch EU-Subsiden, déi d'Land zegutt huet, fräizeschalten.

Erpressung nennt een dat. D'Lëtzebuerger Finanzministesch Yuriko Backes huet vun engem inakzeptabele Behuelen an enger grousser Frustratioun doriwwer geschwat.

Kloer Wierder, mee ass d'Haltung dohannert et och?

Lëtzebuerg hat sech an der Reunioun e Méindeg effektiv hanner d'Evaluatioun vun der Kommissioun gestallt. Déi hat déi lescht Woch recommandéiert, Ungarn 7,5 Milliarden Euro EU-Suen net auszebezuelen, well d'Land net fir eng onofhängeg Justiz suerge kann an keng effikass Anti-Korruptiounsmesuren eng Place huet.

Après-Analyse: Frankräich an Däitschland erfannen d'Reegelen nei

Déi Analys, déi am Kader vum neie Rechtsstaatsmechanismus op méintelaangen Evaluatioune berout, gëtt awer vun aneren net esou ouni Weideres gedeelt. Ausgerechent Däitschland a Frankräich sinn der Meenung, et wieren net all déi ungaresch Efforten, déi a der Tëschenzäit gemaach goufen, mat a Betruecht gezu ginn. Si hunn dowéinst eng Après-Analyse gefrot.

Eng erstaunlech Demande. D'Reegele vun deem Rechtsstaatsmechanismus sinn nämlech kloer definéiert. Si gesinn eng Deadline vir, déi d'Kommissioun och agehalen huet. Elo ze soen, et misst een nobesseren, ass wéi nom Eelefmeterschéissen de Match nei unzepäifen, well d'Resultat engem net gefält.

Deen neie Match muss allerdéngs ganz séier gespillt ginn. Der Prozedur no muss nämlech bis den 19. Dezember eng Decisioun virleien. Deemno huet d'Kommissioun just e puer Deeg Zäit, zum Beispill frësch gestëmmten ungaresch Gesetzer, déi bis elo net iwwersat sinn, ze ënnersichen.

Wéi eng Roll d'Resultat vun där Turboanalys iwwerhaapt spille soll, ass ongewëss. D'Méiglechkeet, Ungarn manner Subsiden ze sträichen an doduerch ze beweegen, säi Blockage opzeginn, stoung am Raum.

Et goung Frankräich an Däitschland awer och vläicht drëm, Zäit ze wannen, well et guer net sécher war, ob genuch EU-Länner um Enn géifen d'Propos vun der Kommissioun ënnerstëtzen. Hätten déi zwee grouss Länner allerdéngs dofir gestëmmt, wier déi erfuerderlech Majoritéit zesummekomm.

Kredibilitéitsverloscht vum neien EU-Instrument fir de Rechtsstaat ze schützen

Eent ass sécher: Der EU als eng Unioun, déi de Rechtsstaat héich hält, gouf duerch déi Manöver net gedéngt. Op d'Fro wéi et elo virugeet, sot d'Yuriko Backes et misst een ee Kompromëss fannen, dee fir jiddweree viabel ass.

Beim Rechtsstaat sollt et awer genee dorëm net goen. Well wann ee Kompromësser sicht, brauch een net extra ee Mechanismus op d'Been ze setzen, deem seng Credibilitéit ebe just dovun ofhänkt, datt en no transparente Reegelen a fir jiddwereen d'nämmlecht funktionéiert.

Wann een elo eng Léisung op Mooss fir Ungarn erfënnt, ass virprogramméiert, dat dat dono bei aneren och geschitt. An dat ass am Fong d'Begriefnes vun esou engem Instrument - a virun allem och de Beweis dofir, datt Erpressung an der EU ganz gutt funktionéiert.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.