Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Um Enn vum Dag wousst een, wat ee gemaacht hat"

Lëtzebuerg entdecken

"Um Enn vum Dag wousst een, wat ee gemaacht hat"

An der Serie Lëtzebuerg entdecken, geet et dës Kéier ënner de Bierg an de Musée national des Mines zu Rëmeleng. De Pit Walté war sech ukucken, wéi d'Minnenaarbechter fréier geschafft hunn.

auto_stories

2 min

Um Ufank vun der Visite zu Rëmeleng steet ëmmer eng Faart vu ronn 20 Minutte mat der Minne-Bunn. Dono an der Galerie selwer, geet et dann u mat der Geschicht vun der Minn. D'Minn Walert gouf 1898 opgemaach. D'Minett, déi hei ofgebaut gouf, ass op Rodange geféiert ginn. 1963 ass d'Minn zougemaach ginn, éier se 1973 zu engem Musée ëmfonctionnéiert gouf, sou den Denis Klein, deen als fräiwëllege Guide Touren zu Rëmeleng mécht.

Wéi de Musée an de 70er Joren opgaangen ass, ass op anere Plazen nach geschafft ginn, 1981 huet déi lescht Minn am Grand-Duché hir Dieren zougemaach. Wéi zu Rëmeleng an och op anere Plaze geschafft gouf, dat gëtt een am Musée des Mines gewuer. Um Ufank ass dat nach alles per Hand gaangen. Wa se an eng Galerie gaange sinn, hunn d'Minnenaarbechter fir d'éischt den Daach kontrolléiert.

"Wa si domadder da fäerdeg waren, sinn dräi Lächer gebuert ginn an da gouf gesprengt. Wa si dann erëm komm sinn, hu si nees den Daach kontrolléiert an da gouf opgelueden. Zu Zwee, fir eenegermoossen iwwer d'Ronnen ze kommen, hu si ongeféier zéng Buggië pro Dag misse lueden. Ee Buggy ka bis zu zwou Tonne weien. Dat heescht, mir si bei zwou Persoune bei enger Dagesleeschtung vun 20 Tonnen, déi si dann hu missen oplueden an déi da selwer bis an d'Haapt-Galerie drécken, wou dann ee si mat enger Lokomotiv oder engem Päerd siche koum ."

Dat war natierlech eng haart kierperlech Aarbecht an um Enn vum Dag wousst een, wat ee geschafft hat. Nieft de Problemer, mam Réck hu vill Minnenaarbechter sech um Kapp blesséiert, wann hinnen eppes drop gefall ass.

An deenen am Ganzen 100 Joer, déi d'Minnen hei zu Lëtzebuerg funktionéiert hunn, sinn am Grand-Duché 1.477 Minnen-Aarbechter ëm d'Liewe komm, de Gros virun den 1930er Joren.

U wat een am Musée zu Rëmeleng och erënnert gëtt, ass, wat fir eng Bedeitung de Biergbau fir de Grand-Duché hat, seet den Denis Klein.

"De Biergbau huet Lëtzebuerg räich gemaach an op d'Weltkaart bruecht. 1913, war Lëtzebuerg ënner deenen zéng gréissten Eisen-Äerz-Produzenten op der ganzer Welt. Dat heescht, déi Zäit hu mir méi produzéiert wéi zum Beispill Brasilien oder Russland."