Uerteel EUGH: "Recht vergiess ze ginn" am Internet
Google kann dozou verflicht ginn, Verweiser op Websäite mat sensibele perséinleschen Daten aus senge Sichlëschten ze sträichen. Dat huet den europäesche Geriichtshaff haut zu Lëtzebuerg decidéiert. Dem Geriicht no sinn d’Bedreiwer vu Sichmaschinne responsabel fir d’Veraarbechtung vun den Daten. D'Notzer hunn awer a verschiddene Fäll e sougenannt "Recht vergiess ze ginn". E Betraffene ka bei Google ufroen, datt seng Date bei de Resultater vun enger Recherche gestrach ginn.
Hannergrond vum Uerteel ass d’Plainte vun engem Spuenier, deem säin Numm nach haut an engem Artikel opdaucht iwwert déi forcéiert Stee vu sengem Haus viru 15 Joer. Dozou de Gilles Despeux vum Presse-Service vum Europäesche Geriichtshaff:
D'Bedreiwer vu Sichmaschinnen - a bei weidere Plainten déi national Geriichter - musse vu Fall zu Fall decidéieren op e Sichresultat geläscht gëtt oder net. De Gilles Despeux erkläert u wéi enge Prinzipien des Decisioun sech muss orientéieren: