Patronatsverband UEL kritesch vis-à-vis vu Sammelkloen

De Patronatverband UEL seet prinzipiell "nee " zu Sammelkloen an ass deementspriechend kritesch vis-à vis vum Gesetzprojet, deen den Ament um Dësch läit. Den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger fäert am 100,7-Interview, datt den Text der Wirtschaft hei am Land méi Schued wéi Notze wäert bréngen. Hie mécht sech virun allem Suergen ëm den Image vu Lëtzebuerg.

Christiane Kleer / cbi

Jean-Paul Olinger
De Jean-Paul Olinger ass Direkter vun der UEL. Foto: Archiv

De Bäitrag vum Christiane Kleer lauschteren


Et misst een dat zukünftegt Gesetz iwwer d'Sammelkloen zu Lëtzebuerg an engem globale Kontext kucken, seet de Jean-Paul Olinger. Wa sech bis méi wéi zwee Kläger kënnen zesummendoe fir ee Betrib viru Geriicht ze huelen, an doduerch negativ Schlagzeilen entstinn, da kéint d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg drënner leiden.

Eng ofschreckend Wierkung

Lëtzebuerg wier an enger anerer Situatioun wéi aner Länner: d'Finanzplaz wier enorm grouss am Verglach zum Land. Et géife vill international Entreprise ginn, déi sech esou engem Gesetz kéinten ausgesat fillen an evaluéiere kéinten, ob se zu Lëtzebuerg bleiwe wëllen, oder et.

Aner Entreprise kéinte sech et zweemol iwwerleeën, ob si iwwerhaapt op Lëtzebuerg kommen oder net, sou de Jean-Paul Olinger. Hie gesäit ausserdeem de Risiko, datt Lëtzebuerg zu enger Zort Dréikräiz kéint ginn, wa mol bis all EU-Memberland ee Gesetz gemaach huet. Wann een eng Entreprise usiche wéilt, da géif een dat an deem Land maachen, an deem d'Legislatioun am favorabelsten ass.

Staatlech Subventioune fir Kloen

De Konsumenteschutz, déi trotz Kriticken Demandeur war fir de Projet, kritt vun der UEL och kritesch Téin ze héieren. Hir Fuerderung fir ee Fong ze schaffen, iwwer dee Sammelkloe staatlech kéinten ënnerstëtzt ginn, fënnt de Jean-Paul Olinger net gutt. Hie fënnt, datt lokal Consommateuren hire Prozess vis-à-vis vu Lëtzebuerger Entreprisen hire Prozess selwer sollte finanzéieren, an datt keng ëffentlech Sue solle benotzt gi fir privat Kloen.

Kritesch gesäit de Patronatsverband och den Agenda vun der Regierung: eng europäesch Direktiv zum Theema ass an Aarbecht an déi hätt een, besonnesch a Covid-Zäiten, sollen ofwaarden, sou nach de Jean-Paul Olinger.

Méi zum Thema

Geriicht
Sammelkloen

Sammelkloe solle Konsumenten d'Méiglechkeet ginn, zesumme géint d'Feelverhale vun Entreprisen ze kloen. De Konsumenteschutz begréisst de Projet, verweist a sengem Avis awer op eng Rei Lacunnen.

Paulette Lenert
Konsumenteschutz

Bis Enn 2019 soll e Gesetzesprojet fir d'Aféiere vu Sammelkloe stoen, seet déi zoustänneg Ministesch. Och de Projet fir eng Fachverwaltung fir de Konsumenteschutz soll bis Enn dës Joers deposéiert ginn, sou d'Paulette Lenert.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 responsable ressources humaines (m/f)

    HR Human Resources

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recherche 1 responsable ressources humaines (m/f) sous contrat à durée déterminée en vue du remplacement d'un congé de maternité et d'un congé parental à temps plein.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen