Greenpeace bleift kritesch géigeniwwer Twinerg

Et ass ze bedaueren, datt just 5 Joer nom Bau vum "Fern-Wäermt-Netz" Sudcal schonn annoncéiert gëtt, datt Twinerg gestoppt gëtt. Dat sot De Roger Spautz vu Greenpeace am 100,7-Interview.

De Verwaltungsrot vun der Twinerg hat der Regierung am Abrëll matgedeelt, datt d’Anlag aus Rentabilitéitsgrënn vun Oktober d’nächst Joer un géing gestoppt ginn. D’Ëmweltorganisatioun war nach ëmmer ganz kritesch géigeniwwer der Gas-Damp-Turbin-Anlag, déi hirer Meenung iwwerdimensionéiert wier. Dobäi kéim, datt just e ganz klengen Deel vun der Wäermt déi ausfält kéint benotzt ginn.

De Bäitrag vum Carole Schimmer:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen