Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump-Supporter stiermen de Kapitol

Onrouen zu Washington

Trump-Supporter stiermen de Kapitol

Gewalt an der US-Haaptstad: Supporter vum Donald Trump, deen den 3. November als US-President ofgewielt gouf, hunn d'Gebai vum Kapitol gestiermt, wou de Kongress grad zesumme war.

auto_stories

2 min

Den US-Kongress sollt den Owend d'Wiel vum Demokrat Joe Biden als US-President confirméieren. D'Sitzung huet missen ënnerbrach gi well Trump-Supporter mat Gewalt an de Kapitol zu Washington agedronge sinn.

D'Stad Washington huet eng Aussgangspäer annoncéiert, vun 18 Auer Lokalzäit un (Mëtternuecht Lëtzebuerger Zäit).

Den Donald Trump huet an de leschten zwee Méint ëmmer nees d'Walresultat vum 3. November 2020 a Fro gestallt. Rezent ass public ginn, datt en de concernéierte Staatssekretär vun Georgia gefrot huet, d'Walresultat am Staat Georgia ze fälschen. D'Washington Post hat e Matschnëtt vum Telefonsgespréich tëscht dem Nach-President an dem Staatssekretär public gemaach.

Foto: picture alliance

De gewielten US-President Joe Biden fuerdert en Enn vun der Gewalt vun den Trump-Supporter.