Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Crowded Roomz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Print-Redaktioune ginn net méi ënnerstëtzt wéi Internet-Redaktiounen"

Trotz méi héije Käschten

"Print-Redaktioune ginn net méi ënnerstëtzt wéi Internet-Redaktiounen"

D'Reform vun der Pressehëllef, esou wéi se vum Premier- a Medieminister proposéiert gëtt, wier eendeiteg op d'Online-Medien zougeschnidden. Dat kritiséiert de Richard Graf, Journalist an der woxx a Member vum Presserot. De Print géif trotz senge méi héije Käschten net méi ënnerstëtzt gi wéi Internet-Redaktiounen.

auto_stories

4 min

Wat d'Krittären ubelaangt, un déi d'Hëllef gebonnen ass, stellt de Richard Graf sech d'Fro, ob déi an der Praxis ëmmer esou liicht ze kontrolléiere sinn. Trotzdeem waart de Secteur ongedëlleg op dat Gesetz.

"D'Urgence ass esou grouss, datt mer d'lescht Joer schonn eng Wochenzeitung verluer hunn (Le Jeudi, N.v.d.R), a viru Kuerzem gewuer gi sinn, datt eng Dageszeitung ab nächst Joer sech wäert ëmwandelen an en Online-Projet: de Lëtzebuerger Journal. Allerdéngs ob dat do Gesetz mat där do Dispositioun, wou am Fong d'Printmedie guer net méi duerstelle solle wéi online, ob dat dee Problem da léist, dat weess ech net."

"Den Zweck vun esou engem Gesetz sollt et net sinn, Zeitunge verschwannen ze doen"

De 14. Juli huet de Premier- a Medieminister Xavier Bettel de Projet vu senger Reform vun der Pressehëllef an der Chamber deposéiert. De Romain Hilgert, fréiere Chefredakter vum Lëtzebuerger Land, huet d'Approche, déi gewielt gouf, an enger Chronik esou kommentéiert: "Die Reform der Pressehilfe soll das Verschwinden der Zeitungen fördern. Es soll gewinnbringend erscheinen, ins Internet abzuwandern." De woxx-Journalist a Member vum Presserot Richard Graf ass der Meenung, datt et och an Zukunft nach gedréckten Zeitunge wäert ginn.

"An den Zweck vun esou engem Gesetz sollt et net sinn, Zeitunge verschwannen ze doen, mee se bäizebehalen. Quitt, datt een den Online niewendrun och muss fërderen, dat ass ganz kloer."

Zeitungs- an Onlineredaktioune géife mam Gesetz, esou wéi et elo geplangt ass, gläichgestallt ginn, obwuel eng geschriwwen Zeitung aner Fraisen huet, wéi en Onlinemedium.

"Dat ass eng al Diskussioun, déi mer och mat de Kolleegen, déi nëmmen online maachen ëmmer erëm féieren ... wou da gesot gëtt, mir hätte jo och d'Méiglechkeet, Revenuen ze generéieren, déi si net hätten. Z. B. well mir Abonnementer verkafen oder Annoncen. Mee grad d'Annoncë-Geschäft ass jo komplett agebrach."

"Op jiddwer Fall gëtt een net encouragéiert fir Print ze maachen"

Zeitungsredaktioune kënne sech et haut net méi leeschten, keng Internetpresenz ze hunn, esou datt si am Fong klassesche Print an online musse maachen, fir déi selwecht Ënnerstëtzung ze kréien, wéi déi aner, déi just den online maachen. Wann eng Redaktioun awer déi zwou Saache misst maachen, awer just eemol d'Hëllef kritt, "hänkt ee genee do, wou ee virdru war. Et huet een net Moyene genuch fir béides ze maachen, op jiddwer Fall gëtt een net encouragéiert fir Print ze maachen", esou de Richard Graf. A wann een déi selwecht Hëllef kritt fir nëmmen en Onlinesite "dann iwwerleet ee sech natierlech, wéi vill Méi ee sech nach gëtt an eng gedréckten Zeitung ze investéieren".

Lëtzebuerger Kooperatiounsefforten an der Zäit strecken amplaz ze sträichen

An der Kooperatiounspolitik hätt am Moment keen eng Visioun vun deem Ganzen, esou de Richard Graf. Hien ass Co-President vun der ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) a Member vum Cercle vun den ONGen. Duerch déi wirtschaftlech Kris wéinst Corona schmëlzt de Revenu national brut an domat och déi Zomm, déi an d'Entwécklungshëllef gestach gëtt (si gëtt jo op der Basis vum RNB berechent). Wat d'Regierung genee wëlles hätt, wier am Moment net kloer, esou de Richard Graf. Fir hie wier et inacceptabel, wann elo grad am Beräich Kooperatioun géif gespuert ginn.

"D'Demande vun den ONGe war jo am Fong ze soen, komm mir bremsen elo net Saachen of, wou da Strukturen am Süden ofgebrach ginn, déi dann herno net méi zur Verfügung stinn. An da fänke mer d'nächst Joer frësch un, an da mierke mer, djëft, déi Leit si guer net méi ënnerwee, déi mer do haten, mat deene mer dee Projet hätte kënne realiséieren. Éier een eppes stoppt, sollt ee mëttel- a laangfristeg Konsequenzen iwwerleeën an dann eventuell Saachen éischter an der Zäit strecken, herno vläicht e bësse manner schnell eropklammen nees, mee op alle Fall net abrupt bremsen."